LSAP-Nationalkongress zu HollerechD'Maxime Miltgen an de Georges Engel sinn nei Co-Parteipresidenten

Marc Hoscheid
Déi Stater Gemengeconseillère an de fréieren Aarbechts- a Sportminister iwwerhuelen d'Nofolleg vum Francine Closener an dem Dan Biancalana.
Den LSAP Nationalkongress 2026
Den LSAP Nationalkongress 2026
© Marc Hoscheid

D’LSAP huet eng nei Parteispëtzt. Um Kongress vun de Sozialisten e Samschdegmoie goufen de Georges Engel an d’Maxime Miltgen als Co-Parteipresidente gewielt. Wärend den aktuellen Deputéierten a fréieren Aarbechts- a Sportminister Georges Engel 90,4 Prozent vun de Stëmme krut, waren et fir d’Stater Gemengeconseillère Maxime Miltgen 78,5 Prozent. Et goufe keng Géigekandidaturen.

Si iwwerhuelen domadder d’Nofolleg vum Francine Closener an dem Dan Biancalana, déi no véier Joer am Amt net méi ugetruede sinn. Um Poste vum Generalsekretär gouf mat 93 Prozent de Sacha Pulli confirméiert, och hei gouf et keng Géigekandidatur. Genee wéi bei der Wall vum neie Vizepresident, dee Posten iwwerhëlt de Co-President vun de jonke Sozialiste Max Molitor, dat an der Successioun vum Maxime Miltgen. Generaltresorier bleift de Kenichi Breden.

Déi gréissten Erausfuerderung fir déi nei Parteispëtzt dierft doranner bestoen, d’LSAP an d’Chamberwalen 2028 ze féieren. Virun deem Hannergrond gouf dann och d’Dauer vun de Mandater vun zwee op dräi Joer eropgesat. Zum Schluss hunn déi ronn 300 Parteimemberen, déi de Wee op de Bouillon fonnt haten, och een neie Grondsazprogramm ugeholl, dat mat ronn 91 Prozent vun de Stëmmen.

Back to Top
CIM LOGO