
D’LSAP kritiséiert déi an hiren Ae passiv Haltung vun der CSV-DP-Regierung bei de Verstéiss géint d’Vëlkerrecht vun den USA oder den illegale an disproportionéierte Militäroperatioune vun Israel. Näischt maachen wier keng neutral Positioun.
De Grand-Duché misst säi politesche Courage erëmfannen. Et sollt ee sech ee Beispill huelen un anere Länner, ewéi zum Beispill Spuenien, dat konsequent déi demokratesch Wäerter an dat internationaalt Recht géing verdeedegen. D’Lëtzebuerger Regierung misst determinéiert handelen, fuerderen d’Sozialisten an engem Communiqué.
Notamment andeems se de Luxembourg Trade and Investment Office (LTIO) zu Tel Aviv géing zoumaachen a cibléiert Sanktioune géint Israel géing decidéieren.
Niewent Grand-Duc Henri wäerten och den Ausseminister Xavier Bettel, de Tourismus-Minister Lex Delles an de Finanzminister Gilles Roth dobäi sinn. D’Visitt soll vum 12.-17. Abrëll daueren. Ënnert anerem sinn hei verschidde Stoppen zu Colorado Springs, New York a Washington D.C. geplangt.