Mini-Entreprise "Stéck fir Stéck"D’Land mat Puzzelen entdecken

Annelena Stiegler
Am Lycée Michel Lucius schaffe Schüler am Kader vun hirer Mini-Entreprise "Stéck fir Stéck". Si loosse Puzzelen am Atelier Kräizbierg hierstellen. Dorop si Motiver vu bekannte Monumenter ze gesinn.
De Palais als Puzzle
De Palais als Puzzle
© Annelena Stiegler

Si hu sech bewosst fir d’Theema Lëtzebuerg entscheet, fir d’Kultur ze erhalen. De Schüler Samuel Bost erkläert: “Da si mir op d’Iddi komm, Puzzelen ze maachen, einfach well mir scho ganz klenge Kanner eis Monumenter weise kënnen an dat op eng spilleresch Aart a Weis.”

Stéck fir Stéck: D’Land mat Puzzelen entdecken (De komplette Reportage aus dem Magazin)

An der Schoul gi si dobäi vum Léierpersonal ënnerstëtzt. Si hunn eemol an der Woch Cours a verschiddene Beräicher, wéi Management oder wéi een eng Entreprise féiert. Aktuell sinn d’Gëlle Fra, de groussherzogleche Palais an Kathedral als Puzzle-Motiver verfügbar.

Am Ufank wollten d’Schüler hir Biller mat KI generéieren. Si hu sech dunn awer duerch hir Enseignante fir eng Schülerin aus enger Konschtsektioun aus dem Lycée Michel Rodange decidéiert. D’Liz Kuffer hu si iwwer hire Proff kennegeléiert. D’Kasematte sollen en neit Puzzle-Motiv ginn, do hu se och eng Kollaboratioun mat Unicef. Fir all verkaafte Puzzle spende si een Euro un eng Kanner-Hëllefsorganisatioun.

Déi fäerdeg Motiver ginn duerno mat de richtege Moossen an den Atelier geschéckt. Heiansdo fanne si Zäit fir kleng Projete wéi Mini-Entreprisen, mee si brauchen awer och grouss Opträg.

Den Atelier vun der Fondatioun Kräizbierg zu Diddeleng produzéiert d’Puzzelen. De Sebastian këmmert sech ëm den Drock.

Puzzele kaschte jee no Gréisst 13 Euro. Den Atelier Kräizbierg kritt dovu 64 Prozent. En Deel geet un d’Kënschtlerin an de Rescht gëtt um Enn vum Joer ënnert de Schüler opgedeelt.

De Sébastian Morth schafft un der Maschinn: “Dat ass schéin ze gesinn, wat si hei elo drécke loossen.”

D’Laura Schmidt këmmert sech ëm hir Leit mat Handicap: “Dat ass schonn eppes anescht, wéi een et am Alldag kennt, wou een ebe professionell Clienten huet, déi schonn e bëssi méi wëssen, wat se wëllen. Dat ass e ganz aneren Ëmgang, deen awer wierklech och flott ka sinn.”

Et ass hinne wichteg, datt Leit mat Handicap an hirem Beräich esou selbstänneg wéi méiglech schaffe kënnen. Jidderee kritt eng Aufgab, déi en no der Formatioun ganz eleng ausféiere kann. Am Kräizbierg zu Diddeleng ginn et Coursen, déi sech op d’Entwécklung vu perséinleche Kompetenze konzentréieren.

D’Schüler wëllen och weidermaachen. Den David Loschetter ass am Marketing an hirer Mini-Entreprise aktiv. Am Interview erkläert hien: “Eist grousst Zil ass et, datt et eng richteg Entreprise gëtt. Mir sinn am Ufank nach eng Mini-Entreprise, a jo, mir hoffen, datt et eppes méi Grousses gëtt.”

Mat hire Puzzelen d’Land Stéck fir Stéck z’entdecken. A vläicht ass dat eréischt den Ufank. Aus enger Mini-Entreprise kéint an Zukunft nach eppes vill méi Grousses ginn.

Back to Top
CIM LOGO