
D'Zuel vun de Viren, déi sech an den Otemweeër vun de Kanner noweise loossen, si bei allen Altersgruppe d'selwecht. Da hu Fuerscher ronderëm de Virolog Christian Drosten vun der Berliner Charité eraus fonnt. Dat si ganz nei Resultater, déi nach net vun onofhängegen Experten gepréift goufen. Vu Kanner kéint also de selwechten Ustiechungsrisiko ausgoe wéi vun Erwuessenen.
Et ginn awer och Argumenter, datt d'Kanner manner ustiechend si wéi Erwuessener, sou d'Fuerscher weider.
Dat well se meeschtens keng Symptomer hunn, dowéinst manner houschten an allgemeng méi e klenge Longevolume hunn a manner Loft ausstoussen.
Op der anerer Säit si si awer kierperlech a sozial méi aktiv.
