Invité vun der Redaktioun (13. Abrëll)Djuna Bernard - Deputéiert vun déi Gréng

Marc Hoscheid
E Méindeg de Moien ass ënner anerem d'Situatioun am CNA Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Hie géing de Comité d’accompagnement elo Mol ouni Zäitdrock schaffe loossen, dat sot de Kulturminister Eric Thill e Samschdeg am Background mat Bléck op d’Situatioun am Centre national de l’audiovisuel. Den Direkter vum CNA Gilles Zeimet kritt jo vu Mataarbechter Harcèlement virgeworf. Dem Eric Thill no hätten zwou Persounen eng formell Procédure de protection lancéiert.

Ma ass d’Envergure vum Problem net awer méi grouss a misst net méi gemaach ginn, fir en ze léisen? Dat froe mer e Méindeg de Moien d’Deputéiert vun déi Gréng a Member vun der parlamentarescher Kulturkommissioun Djuna Bernard als eis Invitée vun der Redaktioun. Mat der Oppositiounspolitikerin schwätze mer och iwwert déi aktuell héich Energiepräisser an de Sozialdialog. Den Invité vun der Redaktioun héiert Der wéi ëmmer direkt no den Noriichte vun 8 Auer.

LIVESTREAM Radio

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO