
Esou d'Äntwert vum Policeminister Henri Kox op eng parlamentaresch Fro vun de Piraten.
Op Nofro vun de Piraten gouf effektiv bestätegt, datt zu Lëtzebuerg aktuell eng disziplinaresch Prozedur géint ee Polizist an dësem Kader leeft. Et wier awer den éischte Fall, deen engem bekannt gemaach gi wier, esou de Minister fir d'bannenzegt Sécherheet.
Am Fall, wou et sech bei esou engem Zeechen oder Symbol ëm eent handelt, wat a Verbindung mat rietsextremen Ideologien oder mat gewaltbereete Gruppe steet, gëtt d'office d'IGP, d'Generalinspektioun vun der Police ageschalt.