Schnelltester fir EntreprisenDistributioun fänkt de 17. Mee un a geet bis den 29. Mee

Tim Morizet
Lynn Cruchten
A véier Zenteren uechtert d'Land wäerten d'Tester verdeelt ginn, dat vu méindes a freides tëscht 7.30 an 18 Auer a samschdes moies.
Schnelltester fir Entreprisen
A véier Zenteren uechtert d'Land wäerten d'Tester verdeelt ginn, dat vu méindes a freides tëscht 7.30 an 18 Auer a samschdes moies.

Den Aarbechtsministère fänkt mat sengem Schnelltest-Programm un. Am Ganze solle 5,7 Milliounen Tester u Lëtzebuerger Betriber verdeelt ginn. D'Aktioun leeft vum 17. bis den 29. Mee an ass op fräiwëlleger Basis.

D'Tester sinn net obligatoresch, weder fir d’Entreprisen nach d’Salariéen, ënnersträicht den Aarbechtsminister Dan Kersch op enger Pressekonferenz. Ma et wier essentiell, datt de Patron, ewéi och de Salarié alles mécht, fir d’Sécherheet vu senge Matmënschen ze garantéieren. Et hätt ee sech bewosst géint e Gesetz, dat Betriber zum Testen zwéngt, decidéiert, fir enger Penurie u Schnelltester, ewéi et an Däitschland grad de Fall ass, ze evitéieren. Esou eng Obligatioun hätt och d'Präisser vun den Tester fir d'Privatpersoune warscheinlech an d'Luucht gedréckt, esou den Dan Kersch.

D'Schnelltester fir d'Betriber ginn iwwer 4 Zentre verdeelt. Dëst méindes bis freides vun 7.30 moies bis 6 owes a samschdes vun 8 bis 12 Auer. Päischtméindeg ass zou.

D'Teststrategie ass zesumme mat de Gewerkschaften, dem Patronat an dem zoustännege Ministère ausgeschafft ginn. Geplangt ass, datt wärend 6 Wochen 2 Tester d’Woch ugebuede ginn. Bei ronn 475.000 Salariéen, déi fir den Test a Fro kommen, géingen dat eng ronn 6 Milliounen Tester ausmaachen. De Präis vun den eenzelen Tester läit bei 1,5 Euro.

76.000 Entreprisë goufen ugeschriwwen. Betriber mat manner wéi 500 Salariéë kruten eng Invitatioun, fir hir Tester op Zolwer um Scheierhaff beim Artikuss, op Bartreng beim Arca, op Dikrech an d'Zone Industriel Zano oder op Gréiwemaacher op de Site "Op Flohr" sichen ze goen.

Entreprisë mat méi wéi 500 Salariéeë ginn direkt beliwwert, fir déi 4 Distributiounsreseauen ze entlaaschten.

Leit déi privat eng Persoun ugestallt hunn, ewéi eng Botzfra, kréien och eng Invitatioun fir d'Tester fir des Persoun Heemgeschéckt.

D'Gewerkschafte weise sech zefridde mat der Initiativ. Et wier komesch, wann een d'Schnelltester am Restaurant leien hätt, mä op der Aarbecht hätt ee keng Optioun, getest ze ginn, esou de Patrick Dury, President vum LCGB.

Wéi getest gëtt: Wéi eng Deeg an der Woch, ob Doheem oder ob der Aarbecht, ass de Betriber iwwerlooss. Wann et e positiv Fall gëtt, soll d'Persoun Heem goen a sech iwwert d'Santé fir e PCR-Test umellen, esou d'Annonce um Dënschdeg de Moien. Getest gëtt mat engem Stäbchen an der Nues. Dës ginn awer just fir an d'Nues gestach.

Wéi et no der éischter Test-Phas vu 6 Woche weidergeet, wousst den zoustännege Minister nach net. Et wéilt ee sech mat den Acteure vum Terrain an 3 bis 4 Wochen treffen, fir e Bilan ze zéien. Och wéi et duerno mam Finanzement vun der Test-Strategie an de Betriber kéint weidergoen, wier nach onkloer.

Schnelltester fir Entreprisen / Rep. Tim Morizet

Schreiwes

5,7 millions de tests antigéniques rapides seront distribués aux entreprises (11.05.2021)

Communiqué par: ministère du Travail, de l'Emploi et de l'Économie sociale et solidaire

Lors d'une conférence de presse en présence du directeur de l'Union des entreprises luxembourgeoises (UEL), Jean-Paul Olinger, de la présidente de l'OGBL, Nora Back, et du président du LCGB, Patrick Dury, le Vice-Premier ministre, ministre du Travail, de l'Emploi et de l'Économie sociale et solidaire, Dan Kersch, a présenté la stratégie de distribution des tests antigéniques rapides aux entreprises.
À partir du 17 mai 2021, 5,7 millions de tests seront distribués. À cette fin, quatre centres de distributions ont été mis en place. La distribution se fera à Soleuvre près du centre culturel Festikuss, à Bertrange près du centre culturel ARCA (à 200m du Centre Atert), dans la zone industrielle ZANO au Fridhaff et à Grevenmacher près du stade Op Flohr.
Les centres de distribution seront ouverts du lundi au vendredi entre 7 h 30 et 18 heures et le samedi de 8 à 12 heures. Les centres resteront fermés le lundi de la Pentecôte.
Le ministre a précisé que 76.000 bons invitant les concernés à prélever les tests ont été envoyés.
Afin de soulager les centres de distributions régionaux, les tests seront directement livrés aux entreprises qui comptent plus que 500 salariés.
Les centres seront gérés par des responsables choisis parmi l'équipe du ministère du Travail, de l'Emploi et de l'Économie sociale et solidaire, soutenus par des demandeurs d'emploi engagés sous un contrat OTI. 120 demandeurs d'emploi soutiendront ainsi cette campagne de distribution.
En parallèle à cette campagne, Dan Kersch a rappelé que des tests antigéniques rapides seront également distribués par la Chambre de commerce aux entreprises du secteur Horeca. Ces tests sont exclusivement destinés aux clients.
Le Vice-Premier ministre a également rappelé les démarches à respecter dans le cas d'un test antigénique rapide positif:
• Se mettre immédiatement en auto-isolement
• Déclarer son résultat sur covidtracing.public.lu
• Informez les contacts individuels
• Faire confirmer son résultat par un test PCR
Ces démarches peuvent être consultées sur le site https://covid19.public.lu/fr/testing/autotest.html.
De leur côté, les représentants de l'UEL, de l'OGBL et du LCGB ont salué l'initiative gouvernementale. Il a été souligné qu'il est important que l'utilisation des tests antigéniques rapides se fera sur base volontaire dans les entreprises. L'UEL, l'OGBL et le LCGB ont conclu que l'utilisation régulière des tests antigéniques rapides constitue un élément important dans la lutte contre la pandémie actuelle en attendant que la campagne de vaccination continue à progresser.
Afin d'informer au mieux les entreprises, différentes hotlines ont été également mises en place. Il s'agit notamment de la hotline du ministère de la Santé (tél.: 247-65533), de la Business Helpline du House of Entrepreneurship (tél.: 42 39 39-700; e-mail: covid19@houseofentrepreneurship.lu; site Internet: https://www.cc.lu/covid19/) ou de la hotline Boosthandwierk (tél.: 42 67 67-550; e-mail: boosthandwierk@cdm.lu; site Internet: yde.lu).
Finalement, le ministre a remercié les quatre communes hébergeant un centre de distribution, qui, par leur soutien logistique ont contribué à la mise en place des centres dans un délai très court.

Back to Top
CIM LOGO