Debat an der ChamberDiskussioune ronderëm Unerkennung vu BTS-Diplom an der Fonction publique

Claudia Kollwelter
Wéi soll a kann de BTS-Diplom am staatleche Salairessystem valoriséiert an unerkannt ginn?

Wéi kann de BTS-Diplom am staatleche Salairessystem valoriséiert an unerkannt ginn? Déi Fro stoung e Mëttwoch am Zentrum vun engem ëffentlechen Debat an der Chamber, nodeems eng entspriechend Petitioun de Seuil vu 4.500 Ënnerschrëften erreecht hat. Och wann d'Deputéiert an de Minister fir den ëffentlechen Déngscht sech eens waren, datt et eng berechtegt Fro wier, ass eng kuerzfristeg Ëmsetzung net méiglech.

Petitioun BTS / Reportage Claudia Kollwelter

An dat well am leschten Accord salarial mat de Sozialpartner eppes kloer gemaach gouf, huet den zoustännege Minister Marc Hansen betount.

"Datt bis den Dezember 2022 keng nei "revendications financières" géifen un de Staat erukommen. Datt et also keng weider Fuerderunge gëtt, fir nei Systemer vu Primmen oder änlechem ze honoréieren."

Ma genee dat ass awer d'Fuerderung gewiescht vun de Petitionären. De BTS, also e Bac +2 géif zu Lëtzebuerg nämlech ugebuede ginn, allerdéngs am staatleche Salairessystem ignoréiert ginn, huet d'Sarah Volz betount. De BTS wier der Petitionärin no tëscht Première a Bachelor ze placéieren.

"Wat d'Remuneratioun betrëfft, misst de BTS iwwert dem Niveau vun der Première an ënnert dem Niveau vum Bachelor leien. Dobäi misst d'Remuneratioun méi no bei där si vum Bachelor. Wann een den Ecart kuckt vum Niveau Première a Bachelor läit de BTS op 2/3 vun der Distanz. Déi kritt een duerch d'Studiejoer - BTS 2 Joer a Bachelor 3 Joer - an duerch d'Zuel vun de BTSen - BTS 120 ECTSen a Bachelor 180."

Ronn 3.600 Leit hunn zu Lëtzebuerg e BTS-Diplom. D'Petitionärin huet gefuerdert, datt eng zousätzlech Karriär A3 fir dës Leit misst geschaaft ginn.

"An der Technicitéit vun dem Statut vun de Fonctionnairen ass sou eng Karriär dertëscht drécken näischt Evidentes. Do ginn et Brécken tëscht de verschiddene Karriären, mat ënnerschiddleche Moyenen, wou ee ganz vill aner Saachen ze reegelen huet.", esou de Minister fir d'fonction publique.

Eng Méiglechkeet wier dem Marc Hansen no awer iwwert Primmen ze fueren, sou wéi et och de Moment de Fall ass fir déi Leit, déi en Doktorat hunn.

Wärend dem Debat an der Chamber gouf awer och d'Fro opgeworf, ob de BTS dann am Privatsecteur valoriséiert gëtt.

"Jo. Ech kann net soen iwwerall. Mee zum Beispill an de Kollektivverträg vum Finanzsecteur ass de BTS an der Grille virgesinn a steet iwwert der Première.", esou de Frank Krier, Coordinateur vum BTS am ECG.

Och wann de Minister betount huet, datt him bis Dezember 2022 d'Hänn gebonne sinn, huet hien nom Debat ënnerstrach, datt d'Diskussiounen elo schonn entaméiert solle ginn an huet och d'Petitionären nach emol separat a säi Ministère invitéiert, fir nach emol am Detail op den Dossier ze schwätzen ze kommen.

Back to Top
CIM LOGO