
Et ass eng Ping-Pong-Situatioun tëscht dem President vun der Handwierkerfederatioun an dem Aarbechtsminister zum Sujet Chômage partiel.
Am Géigesaz zu deem, wat de Minister Dan Kersch op RTL sot, kennt hien den Dossier iwwert de Chômage partiel ganz gutt, sou de President vun der Handwierkerfederatioun an enger Stellungnam. Wann eng kleng- oder mëttelgrouss Entreprise ouni Delegatioun Hëllef fir den Dezember ufreet, muss se virum 12. November eng Demande maachen mat den Nimm vun den Mataarbechter déi an de Chômage partiel solle goen, mat Ënnerschrëft vun de Betraffenen.
Den Dan Kersch hat no Aussoe vum Michel Reckinger hei op RTL betount Nimm vu Salariéen missten net matgedeelt ginn. Dat stëmmt just fir Betriber, déi eng Delegatioun hunn, sou de Michel Reckinger.
Fir de Michel Reckinger wier net nozevollzéien, firwat den Dan Kersch an dësem Fall bei RTL intervenéiert huet, fir esou Aussoen ze maachen.
Wichteg wier senger Meenung no awer, datt de Minister ugekënnegt huet, datt un enger Gesetzreform geschafft gëtt, wou am Fall vun engem wierkleche "Cas de force majeure" och nodréiglech Chômage partiel kéint zougestane ginn. Dat géing deem entspriechen, wat de Michel Reckinger gefrot huet.
