Lëtzebuerger FirmaDirekter vun Avrox no europawäite Perquisitioune festgeholl

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg gouf et europawäit Perquisitiounen, dorënner och hei am Land, am Zesummenhang mat der Otemmask-Affär Avrox.
© rtlinfo.be

Doropshin ass den Direkter vun der Lëtzebuerger Firma och am Laf vun dëser Woch a Südfrankräich festgeholl ginn. Am Raum sti Reprochen, dass eng 15 Millioune Masken, déi Avrox un de belsche Staat geliwwert huet, méiglecherweis gesondheetsschiedlech wieren. Ausserdeem hätt d’Firma am Virfeld Dokumenter gefälscht, fir den Optrag iwwerhaapt ze kréien.

Déi belsch Justiz enquêtéiert dowéinst ënnert anerem och wéinst Bedruch, Fälschung a Blanchiment.

Back to Top
CIM LOGO