
E Méindeg de Mëtteg krut d’Police zwee Männer gemellt, déi an engem Supermarché um Kierchbierg e puer Fläschen Alkohol geklaut hunn. Béid konnte gepëtzt ginn a goufen op Uerder vum Parquet verhaft.
Zu Féiz gouf et e Méindeg am Nomëtteg e weidere Fall vun Déifstall, dat och an engem Supermarché. An enger éischter Phas gouf e Mann gestoppt, dee probéiert hat verschidde Kleedungsstécker ze klauen. Am Laf vun der Enquête konnt dunn en zweete Mann ermëttelt ginn, bei deem de Verdacht bestoung, dass hien als Kompliz aktiv war. Béid goufen op Uerder vum Parquet verhaft an haten um Dënschdeg de Moie Rendez-vous virum Untersuchungsriichter.