Organisatioun vun Evenementer a Corona-ZäitenDirekt 3 Ministeren hunn op d'Fro vum Françoise Hetto geäntwert

Jean-Marc Sturm
An der parlamentarescher Fro goung et ëm d'Organisatioun vun Manifestatiounen am Kader vun der Corona-Pandemie.

Covid-19 a keen Enn a Siicht. Villes ass anescht, Doheem, op der Schaff an der Schoul,
am Alldag an och am Veräinsliewen. Ëm dee leschte Volet geet et an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun der Deputéiert Françoise Hetto. Et geet virop ëm d'Organisatioun vun Evenementer bei de Veräiner.

Veräinsliewen an der Pandemie / Reportage Jean-Marc Sturm

D'Äntwert kënnt vun direkt 3 Ministeren, der Gesondheetsministesch Lenert, der Inneministesch Bofferding an dem Sportminister Kersch.

Si verweisen drop, dass all d'Sportfederatiounen am Detail gebrieft goufe wat erlaabt ass a wat net. Dat geet vun der Sportsaktivitéit selwer, iwwert d'Bedreiwe vun de Buvette bis bei d'Benotze vu Vestiairen an Duschen. D'Federatioune goufen och opgefuerdert, déi Reegelen un all hir Clibb weider ze schécken. All d'Recommandatioune kann een och um Internetsite vum Sportsministère noliesen.

Änlech ass et bei de Kulturzentren. Och do gouf informéiert iwwer déi sanitär Reegelen an d'Recommandatiounen fir Restauranten, Bistroen a Caféë bannent de Kulturhaiser.

Wa Veräiner nach Froe sollten hunn, gëtt et eng Hotline an eng speziell E-Mail-Adress beim Inneministère, wou een déi respektiv Äntwerte kritt.

Allgemeng an och all Sportfederatioun ass iwwert all nei Bestëmmung, déi an der Chamber gestëmmt gouf, nach dee selwechten Dag informéiert ginn. Enn Oktober war doriwwer eraus eng Pressekonferenz vum Sportminister.

D'Sportfederatiounen hunn dacks net misse mat der Hand geholl ginn an hunn eege Sécherheetskonzepter ausgeschafft, déi dacks méi wäit ginn, wéi dat wat an der Chamber gestëmmt gouf. De Gemengen ass och fräigestallt als Proprietär vun de Sportsinfrastrukturen iwwert dat erauszegoen, wat als Sécherheetsmesuren an der Chamber decidéiert gouf.

PDF: Äntwert op parlamentaresch Fro vum Françoise Hetto

Back to Top
CIM LOGO