Deel vu Beliichtung war erofgefallDiddelenger Schwämm kann nees opmaachen no Virfall Mëtt Mäerz
Wéi d'Stad Diddeleng e Freideg op de Soziale Medie matdeelt, ass d'Schwämm zu Diddeleng vun e Méindeg un nees op.
Een Deel vun der Beliichtung war Mëtt Mäerz erofgefall, zu deem Ament waren awer keng Leit ënnen drënner.
Concernéiert Schoulklassen a Veräiner goufen deemools iwwer déi temporär Fermeture a Kenntnis gesat.
Vun e Méindeg un ass d’Schwämm nees op.