
Siwen transversal Thematike sollen hier fest Plaz am Stonneplang an de Grondschoule kréien: Dorënner si Sujete wéi zum Beispill nohalteg Entwécklung, Medien a Kënschtlech Intelligenz oder och Wirtschaft, Finanzen a Liewens-Entscheedungen. Sujeten, déi d’Kanner op d’Zukunft solle virbereeden, esou den Educatiounsminister Claude Meisch:
“Déi essentiel si fir d’Entwécklung vun engem jonke Mënsch, essentiel sinn awer och fir d’Entwécklung vun eiser Gesellschaft, wéi mer zesummeliewen, wéi mer jidderengem kënne Chancen och am Liewe ginn. An do kënne mer et einfach net dem Zoufall iwwerloossen, ob een dat an der Schoul gesäit oder net.”
Dofir wëll een des Sujeten an de Schoulalldag integréieren, dëst awer net iwwer nei Fächer, mee am Kader vun de bestoende Fächer an Aktivitéiten:
“Do setze mer ganz staark op d’Kontinuitéit, fir och bei der neier Approche a bei deem, wat mer elo änneren, ebe besonnesch dat inhaltlech no vir ze sträichen a kloer ze maachen, datt et dorëms geet. Mir bleiwe bei Fächer, bei Schoulfächer. Mir bleiwe bei Kompetenzsockelen, déi och bewäert ginn. Mir bleiwe bei den Evaluatiounsprinzippien.”
Dee neie Léierplang soll dann iwwer eng digital Plattform lancéiert ginn: Plandetudes.lu ass souwuel fir Privat Leit, mee virun allem fir d’Léierpersonal vun dësem September un accessibel. Et soll eng Alldags-Hëllef fir den Enseignant ginn, esou de Luc Weis, Direkter vum SCRIPT:
“Do fënnt een Outil, fir am Alldag mam Plan d’études ze schaffen. Dat wäerte mer progressiv opbauen. Mir wäerten do zum Beispill dann och Bilan-Intermediairen hannerleeën, awer och eng Partie vun Outilen, wou se vläicht an der Zukunft kënnen och mat engem Logbuch hiren Unterrecht dokumentéieren.”
Wéini deen neie Plang soll agefouert ginn, hätt fir esou munch Diskussioune gesuergt, ma um Enn gouf et ee Kompromëss, esou nach den DP-Minister Claude Meisch:
“Mir hunn du probéiert, ee gudde Kompromëss ze fannen, an dat war fir da bei der nächster Rentrée 26-27 de Cycle 1 an 2 un de Start goen ze loosse mam neie Léierplang an da bei der Rentrée dono 27-28 de Cycle 3 an de Cycle 4.
Fir den neie Plang ze erklären, sinn dann och an dennächste Méint eng Rei Informatiounsversammlunge fir d’Enseignante geplangt.