
An der Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum Piraten-Deputéierte Sven Clement preziséiert d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert d'Prozedur.
Fir d'éischt kritt d'Gesondheetspersonal op der Plaz d'Impfung ugebueden, wa si nach net geimpft sinn. Dann dat Personal op der Plaz, dat net zu der prioritärer Kategorie gehéiert. Da kënne Leit aus der prioritärer Kategorie geruff ginn, déi net am Zenter schaffen. Do kënnen déi Responsabel vum Impfzenter och den 112 ruffen a kucken, ob Ambulancieren an der Géigend sinn, déi kéinte geimpft ginn.
Wann iwwert all déi Piste keen eng Impfung wëll oder brauch, kënnen och Persoune kontaktéiert ginn, déi net an déi Kategorië falen. Déi Persounen dierften allerdéngs kee familiäre Lien mam Responsabelen, dem Apdikter, dem administrative Coordinateur oder dem Representant vun der Gemeng, an där den Impfzenter ass, hunn.
Déi Prozedur hätt bis ewell ganz gutt fonctionéiert, sou d’Ministesch, sou datt konnt evitéiert ginn, datt Impfdosisse musse verbëtzt ginn.
