
Dat Ganzt wier ouni Virwarnung geschitt, soen Awunner vun der Gemeng. An dat op just 200 Meter vun den Haiser ewech. Alles Rechtens, seet d’Gemeng selwer an den Aarbechtsministère. Net sou ganz sécher si sech do awer eng Handvoll Awunner, déi direkt vum neie Mast impaktéiert sinn.
Sou och de Marc Van Oost, deen am Juni zejoert beim spadséieren den Avis vun der Gemeng an d’Ae gefall ass, dass op enger bestëmmter Plaz soll en Antennemast hikommen.
“J’ai contacté la commune pour savoir de quel type d’antenne il s’agissait et ce qui était prévu. La commune m’a dit : « Ne vous inquiétez pas, c’est une petite antenne, le genre d’antenne qu’on installe sur les maisons.”
D’Gemeng seet et wier alles konform. 6 Bierger wëllen en Affekot op d’Affär usetzen.
Domat war d’Saach fir hien deen Ament gedoen. Gemeng an Ëmweltverwaltung hätten him gesot, et géing kee Risk fir d’Leit bestoen. Bis op eemol e Mast vun 42 Meter op 200 Meter vu sengem Haus stoung.
“Quand on a vu le pylône, on s’est dit : « Mais ce n’est pas possible que ce soit une petite antenne. C’est beaucoup trop grand. On ne fait pas une installation pareille pour une petite antenne.”
Nodeems hien nees eng Kéier Gemeng an Administratioune kontaktéiert hätt, wieren awer keng Äntwerte méi komm. D’Buergermeeschtesch vu Waldbëlleg d’Andrée Henx-Greischer äntwert och RTL just schrëftlech.
“D’Gemeng huet hir Prozeduren, fir déi si zoustänneg ass, duerchgezunn. De Projet ass konform zum Bautereglement a läit an enger Gréngzon.”
Den Ëmwelt- an den Aarbechtsministère wieren da fir de Kommodo vun Antennen responsabel. Den Aarbechtsministère betount sengersäits per Mail, dass de Mobilfunktubidder selwer géing de Site fir den Antennemast definéieren. De Mindestofstand zu den Haiser wat d’Grenzwäerter ugeet, géing bei dësem Projet agehale ginn.
Berouege kann dat d’Tanja Grosbusch, déi och elo Vue op e Mast huet, net.
“Mir wëssen och guer net, wéi d’Etüde waren. Ass gekuckt ginn, ob aner Plaze méiglech waren oder net? Mir kruten Null Informatioun an deem Dossier. Och net op der Gemeng. Do ass gesot ginn, et wier eng kleng Antenn.”
Nodeems och scho Bierger eng Biergerinitiativ gegrënnt haten, hunn elo 6 Leit sech en Affekot geholl a hu Recours géint de Projet gemaach, wéi de Marc Van Oost erkläert.
“Nous n’avions pas d’autre choix que de prendre un avocat, parce qu’on nous a mis devant le fait accompli. L’avocat a découvert que les antennes prévues n’étaient pas conformes aux autorisations.”
Autoriséiert wier nämlech e Projet mat maximal oder gläich 2.500 Watt. Ma géingen déi 12 Antennen, di dem Plang no virgesi sinn, op de Mast montéiert ginn, géing dëse Wäert iwwerschratt.
D’Tanja Grosbusch: “Aktuell si schonn e puer Antennen drun, mee et gesäit een natierlech ganz däitlech, dass do nach Kapazitéite kënnen drugehaange ginn, well d’Antenn esou grouss ass. An och di Reefer, déi do ronderëm sinn, sinn nach eidel. An do kënnt sécherlech nach e ganze Pack Antennen drun.”
Et géing een elo hoffen, dass de Grenzwäert fir d’Antenn Klass 3 vun 2.500 Watt net iwwerschratt gëtt. Well ganz aus der Loft gegraff wier déi Angscht net, mengt de Marc Van Oost.
“Notre avocat a déjà eu à traiter trois ou quatre dossiers de ce type, où les pratiques étaient exactement les mêmes. Et dans ces cas-là, les protestataires ont obtenu gain de cause et les pylônes ont dû être retirés.”
Et wier ee sech och bewosst, dass et net géing ouni esou Antenne goen, betount d’Tanja Grosbusch, mee net esou no bei den Haiser. Fir eng Antenn Klass 1 iwwer 2.500 Watt wier ausserdeem nämlech eigentlech eng ëffentlech Consultatioun vun de Bierger néideg gewiescht.