
Wéi d’Gemeng Betzder en Dënschdeg an engem Post op hirem Facebook-Profil matdeelt, wier iwwert den Ouschterweekend an d’Primärschoul zu Rued-Sir agebrach ginn. Dobäi wier et zu engem héije Materialschued komm.
Wéi et vun der Gemeng heescht, hätt een an dëser Saach eng Plainte bei der Police deposéiert. Et géif een esou e Verhalen net toleréieren an der Dot konsequent nogoen. D’Awunner sinn dann och gebieden, eventuell Observatiounen an dësem Zesummenhang um 113 ze mellen.
De Schoulbetrib wäert iwwerdeem no der Ouschtervakanz normal weiderlafen.