War zanter 2023 politesche BeroderDen Tommy Klein gëtt säi Poste bei de Piraten op

Roy Grotz
Vun de Ilres, bei d'Piraten a lo bei de weltwäit zweetgréissten Tubaks-Produzent Philip Morris, deen iwwer 83.000 Mataarbechter zielt - fir den Tommy Klein geet et op enger anerer Plaz weider.
© Anne Wolff (RTL)

Den Tommy Klein verléisst no nëmmen dräi Joer d’Pirate-Partei, wou hien zanter 2023 de politesche Beroder war. Wien hien op deem Poste bei de Piraten ersetzt, ass nach net kloer, krute mer op Ufro gesot.

Als nächst Etapp a senger berufflecher Karriär gëtt den Tommy Klein Manager bei Philip Morris International, dat am Domaine “External Affairs”. Den Tommy Klein war viru sengem Wiessel bei de Piraten 10 Joer laang beim Meenungsfuerschungsinstitut ILRES, dovunner annerhalleft Joer als Direkter.

Bei de Chamberwalen 2023 gouf den Tommy Klein op der Zentrumslëscht vu senger Partei nëmmen de Siwenten - mat engen 12.000 Stëmme manner wéi den eenzege Gewielten am Zentrum, de Piraten-Deputéierte Sven Clement.

Back to Top
CIM LOGO