KopleschtDen Thierry Schuman gëtt neie Buergermeeschter

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Wort schreift, gouf den Thierry Schuman am Conseil eestëmmeg op dee Poste gewielt.

Den CSV-Politiker iwwerhëlt d'Successioun vum DP-Mann Carlo Schmit, deen no 3 Joer de Poste vum Gemengepapp ofgëtt. Hie bleift awer Member am Gemengerot.

De Splitting un der Spëtzt vun der Gemeng war no de Gemengewalen 2017 sou festgehale ginn. Den Thierry Schuman war bis ewell éischte Schäffen a gëtt do vum Josy Popov, DP, ersat.

Back to Top
CIM LOGO