ReaktiounenDen James O'Neill an de Willem Bakker mat hiren Aschätzungen

Monica Camposeo
An engem Punkt si sech Demokraten a Republikaner zu Lëtzebuerg eens: et wosst een net, wat ee sech vun dëse Walen erwaarde soll.

Republikaner an Demokraten zu Lëtzebuerg - Reaktiounen

D'States si gespléckt an dat mierkt een och um Fazit vu 4 Joer Trump vun deem een oder deem anere Lager. Den James O'Neill vun de Republicans Overseas weist sech zefridde mat der Presidence vum Donald Trump, virun allem wat d'Wirtschaft ugeet, wéi hie seet.

An hie betount nach: “Ech fannen et opfälleg, dass d’Stëmme fir den Trump och vu Latinos an afroamerikanesche Wieler kommen, an dat obwuel den Trump vun de Medien an anere Branchen als Rassist bezeechent gëtt. D’Resultater weisen awer, dass d’ Stëmme fir den Trump an dëse Minoritéite geklommen sinn.“

Fir de Willem Bakker vun den Democrats Abroad par conter huet den Trump d'USA nach méi gespléckt. Seng Flüchtlingspolitik wier net ze entschëllegen esou den Demokrat.

Willem Bakker:"Dat systematescht Ausnotzen vu senger Muecht géint d’ Mënschen, déi just e bessert Liewen wëllen, ass net ze entschëllegen fannen ech. Et bréngt och en immensen internationalen Vertrauensverloscht mat sech. Et mescht mir Suergen wéi eng Auswierkungen dat wäert hunn, well et e groussen Ënnerscheed maachen kann zum Beispill an der Bekämpfung vum Klimawandel, deen eis weltwäit betrëfft."Vum Biden erwaart hie sech e séiere Kurswiessel, an dass d'Amt vum US-amerikanesche President erëm oppoléiert gëtt. Esou Discoursen, wéi z.B. d'Annonce vum Trump e Mëttwoch de Moien eiser Zäit, dass hien d'Wal gewonnen hätt, obwuel jo nach net all d'Stëmmen ausgezielt sinn, wiere fir den Willem Bakker net méi iwwerraschend ma awer ëmmer nees erschreckend.

Willem Bakker:"Ech fannen et ass elo dat Wichtegst, dass mir op d’Auszielung vun all de Stëmme waarden. Den amerikanesche President soll gesot hunn, gewësse Stëmmen sollen elo net méi gezielt ginn. Dat huet mech zwar net iwwerrascht. Mir gesinn esou Aktiounen elo zanter 4 Joer. Trotzdeem sinn ech enttäuscht. All eenzel Stëmm zielt. D’Wal ass net fäerdeg bis alles ausgezielt gouf."Ofwaarde wier virun allem fir d'US-Amerikaner, déi am Ausland liewen, wichteg well si op d'Bréifwal hu missen zeréck gräifen. Dës Stëmme solle genee esou zielen, wéi déi aner, seet de Willem Bakker.

Den James O'Neill ass domadder d'Accord, dass d'Walen elo nach net entscheet sinn.

Mä: "Déi zwee, de President Trump an de Kandidat Biden sollten all Ressourcen notzen, déi hinnen dem Gesetz no zur Verfügung stinn fir d’Walresultater z'iwwerpréiwen, soulaang alles am rechtlechen Kader vun der amerikanescher Verfassung ofleeft."E laange Rechtssträit kéint d'United States nach méi splécken, mengen Experten. Fir awer konkret Aussoe kënnen ze maachen, kann een awer wuel nëmmen ofwaarden, dass all d'Stëmmen ausgezielt sinn. Eréischt da weist sech nämlech, wéi eng Weeër déi zwee Kandidaten aschloen.

Back to Top
CIM LOGO