No Kampf mam Covid-VirusDen Entrepreneur Jérôme Grandidier ass dout

RTL Lëtzebuerg
Ënnert anerem war de Grandidier de Grënner vu Luxfactory.

Eng traureg Nouvelle: den Entrepreneur a Grënner vu Luxfactory, de Jérôme Grandidier ass dout.

Seng Famill huet e Sonndeg matgedeelt, datt hien no 5 Woche Kampf mam Covid-19, d’Krankheet net iwwerlieft huet.

De Jérôme Grandidier hat 50 Joer.

Nach den 13. November hat de Familljepap nach seng Ënnerstetzung fir d'Geschäftsleit an der Kris op Facebook ausgedréckt.

Back to Top
CIM LOGO