
Am Géigesaz zu deem, wat de Michel Reckinger sot, seet de Minister Dan Kersch, et ass net esou, datt e Betrib am Viraus, also fir den 12. vun dem Mount virdrun, déi genee Zuel vun Aarbechtsstonnen vu senge Leit, déi am Chômage partiel wieren, muss uginn.
De Betrib muss och scho guer keng Nimm eraginn. De Betrib muss am Fong just de Prinzip ufroen an déi maximal méiglech Zuel vu Leit uginn.
Nom Decompte, also wann de Schaffmount, ëm deen et geet, eriwwer ass, kritt de Betrib dann déi Sue rembourséiert, fir déi Leit, déi effektiv am Chômage partiel waren.
Dem Minister no géing dat de Betriber och eng gewësse Flexibilitéit ginn, déi och néideg wier.
De Minister huet och ugekënnegt, datt un enger Gesetzreform geschafft gëtt, wou am Fall vun engem wierkleche "Cas de force majeure" och nodréiglech Chômage partiel kéint zougestane ginn.
