
Dat äntwert d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert op eng dréngend parlamentaresch Fro vun den CSV-Deputéierte Claude Wiseler a Marc Lies. Déi wollte wëssen, wéi hei am Land op de rezenten Avis vun der permanenter Impfkommissioun an Däitschland an engem änlechen Avis vun de Gesondheetsautoritéiten a Frankräich reagéiert gëtt. D'Stiko an déi franséisch Haute Autorité de Santé hate sech géint eng Impfung bei Jonke mat Moderna ausgeschwat, well deen Impfstoff de Risiko vun Häerzmuskelentzündungen a sougenannte Pericarditen (Entzündunge vum Häerz) erhéicht.
