
Kuerz virun 22 Auer war tëscht Capellen a Mamer ee Motocyclist gefall a gouf blesséiert.
Méi spéit dunn, géint 3 Auer an der Nuecht op e Samschdeg, ass en Auto op der Autobunn A13 Richtung Péiteng tëscht Bireng a Keel accidentéiert. Och hei gouf eng Persoun verwonnt.
E Samschdeg de Moien da géint 10:40 Auer huet et op engem Chantier am Pafendall gebrannt. Hei waren d'Stater Beruffspompjeeën am Asaz.