An der Abtei NeimënsterDemokratie erliewen an diskutéieren am DemokratieLabo

Julie Thilges
Am DemokratieLabo vum Zentrum fir politesch Bildung kënne Visiteuren interaktiv entdecken, wat Demokratie fir si bedeit a wéi eng Wäerter si selwer vertrieden.

Wat ass Demokratie? Wéi eng Wäerter ënnerstëtzen ech, wat valoriséieren ech? Dës si Froen, déi am DemokratieLabo vum Zentrum fir politesch Bildung (ZPB) gestallt ginn, bei deem d’Visiteure kënnen entdecken, wat hinnen Demokratie iwwerhaapt bedeit.

Fräiheet, Virurteeler, Gerechtegkeet an Ongläichheete sinn deemno zentral Themen am interaktiven DemokratieLabo. Op verschidde Borne verdeelt kënnen dës Sujeten a 54 Etappen entdeckt ginn, zum Beispill an de Beräicher Klima, Medien, Sécherheet, Identitéit, an och Froen ewéi “Wat ass fir mech e richtege Lëtzebuerger?” oder “Wat ass mir wichteg an enger Demokratie?” ginn hei gestallt.

D’Michèle Schilt, Directrice Adjointe am ZPB, erkläert: “Also feststellen: Ech hunn eng Meenung, wou kënnt déi hier? Oh, mir hu vläicht verschidde Meenungen a wéi kënne mer elo zesummen do eng Léisung fannen oder wéi kënne mer zesummen awer eng Decisioun huelen oder wéi kënne mer och feststellen, okay, deng Meenung ass okay, meng Meenung ass okay, och wa mer net déi nämmlecht hunn. An et geet am Fong drëm, datt een iwwert déi verschidde Sujeten, well et da ganz vill sinn, déi am Labo hei behandelt ginn, nach weider och nodenkt doheem.”

A grad fir Schüler wier den DemokratieLabo interessant, grad well en esou en Echange erméiglecht, awer och op interaktiv Aart a Weis weist, wat een an der Gesellschaft ka bewierken, sou d’Michèle Schilt weider: “Dat ass einfach déi Saach, wou si mierken, ech kann eppes un der Demokratie maachen. Dat ass am Fong déi grouss Valeur, wou se soen, et ass interaktiv an ech sinn och en Deel dovunner, well se do wäerte feststellen, vläicht anescht, wéi wann ee vir steet a Saachen eeben erkläert, mee datt si am Fong ënnerenee genuch ze diskutéieren hunn, ouni datt en Erwuessenen intervenéiert.”

De Projet kënnt ursprénglech aus der Belsch an aus Holland, den ZPB huet e viru fënnef Joer op Lëtzebuerg bruecht. No Evaluatioune gouf decidéiert, de Labo z’iwwerschaffen, esou, wéi e beim Public am beschten ukënnt.

D’Marnie Ecker, Responsabel vu Projete beim ZPB, erkläert: “Wou verbréngen d’Leit immens vill Zäit, wat leeft vläicht manner gutt, wat gëtt net esou gutt verstanen oder wat ass einfach net méi esou aktuell? An doropshin hu mer eeben e bësse gekuckt, de Feedback, dee komm ass vun de Leit, a mir hunn e bësse probéiert dat wierklech dann ëmzesetzen. Dat heescht, mir hunn déi Saachen, déi wierklech net esou interessant waren, déi net esou gezunn hunn, vläicht esou komplizéiert waren, déi hu mer erausgeholl a mat neie Sujeten ersat.”

Bis Enn Mee wäert den DemokratieLabo an der Abtei Neimënster stoen. Well e mobil ass, kann en och vu Schoulen a Gemengen ausgeléint ginn.

Back to Top
CIM LOGO