Méi séier an effikass ProzedurenDemande fir abordabel Wunneng elo iwwer MyGuichet méiglech

RTL Lëtzebuerg
Op MyGuichet kann een elo d'Demande fir eng abordabel Wunneng areechen. D'Prozedure sollen doduerch méi séier an effikass ginn.
Symbolbild vu Wunnengen
Symbolbild vu Wunnengen
© High-Fliers

Iwwer MyGuichet ass et vun elo u méiglech, eng Demande fir eng abordabel Wunneng anzereechen. Wéi de Logementsministère an engem Communiqué matdeelt, wier dëst ee wichtege Schratt an d’Richtung vun der Vereinfachung vun de Prozeduren.

Vun elo u geet eng eenzeg Aschreiwung am Register vun den abordabele Wunnengen (RENLA) duer, fir sech bei de verschiddenen Acteure fir eng Wunneng ze mellen. Iwwer dëse Regëster kënnen déi ëffentlech Bauträger d’Kandidaturen op enger zentraliséierter Plaz fannen. Domat versprécht ee sech méi séier an effikass Prozeduren, esou nach de Ministère.

Den Ament ginn et eng 8.900 registréiert Demanden. De Wunnengsbestand beleeft sech iwwerdeem op ronn 3.500, soll awer bei ronn 4.300 leien, soubal de Prozess, fir all d’Wunnengen z’erfaassen, an den nächste Wochen ofgeschloss ass. Dobäi kënnt, datt am Laf vun der Zäit nach méi Unitéiten dobäi komme wäerten. Deemno sinn dës Zuelen eng Gréisstenuerdnung.

Dat ganzt Schreiwes vum Logementsministère fannt Dir op hirem Site.

Back to Top
CIM LOGO