
Wéi d'Police schreift, war hinnen e Mëttwoch den Owend e Mann um Grondstéck vun engem Bauerenhaff zu Wolz gemellt ginn, deen do net duerft sinn. Virdru war festgestallt ginn, datt en um Haff geparkt Gefier geréckelt gi war an den Zündschlëssel feelt. Beim Verdächtege goufen e puer Schlëssele fonnt, dorënner och d'Schlësselen zu zwee Gefierer. Op Uerder vum Parquet gouf de Mann festgeholl a koum en Donneschdeg virun den Untersuchungsriichter.
An der Nuecht op en Donneschdeg war dann nach géint 1 Auer en Abroch an en Appartementshaus an der Rue Johny Flick zu Märel gemellt ginn. De presuméierten Täter konnt beim Verloosse vun der Garage mat engem Elektro-Vëlo an e puer anere gelaute Géigestänn ugetraff ginn. Am Keller gouf nieft Abrochsspuere festgestallt, datt e puer Dieren opgebrach gi waren. Den E-Vëlo goung zréck u seng Besëtzerin an de Verdächtege gouf festgeholl. Och hien hat en Donneschdeg Rendez-vous virum Untersuchungsriichter.