
Kuerz no 21.15 Auer war en Automobilist op der N24 vun der Streck ofkomm an ass lénkssäiteg an 2 Beem gerannt. De Won huet sech doropshin iwwerschloen a koum an engem Maisfeld un d'halen. Et waren 3 Persounen am Auto, vun deenen en 21 Joer jonke Mann vu Rippweiler net iwwerlieft huet.
Déi zwou aner Persoune goufe schwéier verwonnt a koumen an d'Spidol, wouvunner eng direkt huet mussen noutoperéiert ginn.
Nieft de Pompjeeë vun Useldeng a Réiden, grad ewéi den Ambulanze vu Réiden a Lëntgen, war och de Samu op der Plaz.
Zwee Blesséierter gouf et bei der Kollisioun vun zwee Gefierer zu Esch am Rond-Point bei der Porte des Sciences.
An zu Léiweng gouf eng Persoun verwonnt, wei se mat hirem Gefier an e Bam gerannt ass.