
Dat schreift d’Santésministesch Paulette Lenert op eng entspriechend parlamentaresch Fro vum LSAP-Deputéierte Mars Di Bartolomeo.
Louch d’Waardezäit am Januar 2018 am Centre Hospitalier du Nord zu Ettelbréck nach bei duerchschnëttlech 47,8 Deeg, waren et am Januar dëst Joer 34 Deeg.
Am CHEM zu Esch wier den Delai vun 58 erof op 23 Deeg gefall.
Am CHL ass e vun iwwer 80 op 43 Deeg zeréc gaangen a bei den Hôpitaux Robert Schuman vun 73 op 28 Deeg.