
Am Joer 2024 huet d’Santé am Ganze 4.308 Doudesaffer um Lëtzebuerger Territoire gemellt kritt, dovunner 2.186 Männer an 2.122 Fraen. Dëst si 50 Stierffäll méi, wéi nach am Joer 2023. An der Moyenne stierwen d’Männer ëmmer nach éischter wéi d’Fraen: Bei de Männer läit den Alterduerchschnëtt beim Doud bei 75 Joer, Frae ginn an der Moyenne 81 Joer al. 2024 goufen et dann och nach 98 Doutgebuerten, déi allerdéngs net an déi offiziell Zuele mat afléissen.

94,2 Prozent vun de Leit sinn u Krankheete gestuerwen, bei nëmme 5,8 Prozent war d’Doudesursaach en “externe Grond”. Eleng Tumore maachen alles an allem 28,4 Prozent vun den Doudesfäll aus (664 bei de Männer a 560 bei de Fraen). Bei de Männer ass de Longekriibs (122 Doudesfäll) déi Zort, déi am meeschten Doudesaffer fuerdert, dono komme Kriibs un der Prostate (65 Doudesfäll) a Bauchspeicheldrüsekriibs. Bei de Frae bleift de Broschtkriibs (107 Doudesfäll) den déidlechste Kriibs zu Lëtzebuerg, suivéiert vu Longekriibs (95 Doudesfäll) a Bauchspeicheldrüsekriibs (46 Doudesfäll).

Zweetheefegst Doudesursaach si Problemer oder Krankheete mam Häerz, respektiv dem kardio-vaskuläre System. Dorunner sinn 2024 1.006 Leit gestuerwen, 496 Männer a 510 Fraen. Dat mécht 23,3 Prozent vun all den Doudesfäll aus.
