
E Méindeg den Owend geet d’Frist op en Enn, fir sech fir eng Plaz am Staatsrot ze mellen. Duerno soll decidéiert ginn, wien dës fräi Plaz an Zukunft besetzt. Dem Gesetz no mussen op d’mannst siwe Fraen am Staatsrot sinn, wat aktuell och de Fall ass.
D’Parteipresidente vun déi Gréng Stéphanie Empain an de François Benoy hunn elo an engem Communiqué dorop opmierksam gemaach, datt, wann d’Decisioun op ee Mann fale sollt, dat déi 5. Kéier hannerteneen de Fall wier. Si fuerderen deemno, datt an esou engem wichtege verfassungsrechtlechen Organ d’Frae besser representéiert misste ginn. Am Communiqué betoune si weider, datt dës Entwécklung bedauerlech wier an datt een an Zukunft rëm méi dorop schaffe misst, eng Paritéit vun de Memberen am Staatsrot ze erreechen.