Déi nei Scholdschäiner vum Lëtzebuerger Staat sinn oder waren eréischt vu 14 Auer u bei 5 Lëtzebuerger Banken disponibel. Bis den 30. Januar oder bis d’Zil vun 150 Milliounen Euro erreecht ass. Alles an allem wier ee schonn an der Géigend vun den 100 Milliounen.
De Finanzminister Gilles Roth an d’Verdeedegungsministesch Yuriko Backes haten de Lancement vun den Defence Bonds och um 14 Auer op enger Pressekonferenz offizialiséiert. D’Demande war also grouss. Kee Wonner, well dem Finanzminister no 33,4 Milliarden Euro an Dépots à vue a Lëtzebuerger Banke leien. Bësse verwonnerlech awer, well 2,25% Zënsen à première Vue relativ niddreg klengt. Op déi Fro oder Remarque huet de Gilles Roth geäntwert: “et muss een Äppel mat Äppel a Biere mat Biere vergläichen”. D’Defence Bonds misst een als “Spuerinstrument” ugesinn, also net et als Spekulatiounsprodukt.
De reellen Taux wier dem Finanzminister no och u sech 2,81%, well d’Zënserträg, d’Coupons, déi een all 12 Méint iwwer 3 Joer bei den Defence Bonds kritt, steierfräi sinn. Déi steierlech Mesure géing dem Staat iwwregens am Ganzen 2 Milliounen Euro manner Recettë kaschten. Donieft huet de Gilles Roth erkläert, datt een och en Ekiliber hätt misse mat den Tauxen, déi de Staat bei anere klasseschen Empruntë mécht.
De Minimum, deen een huet missen oder muss op den Dësch leeën, ass 1.000 Euro pro Bank bis e Maximum 150.000, all Kéiers an Tranchë vun 1.000 Euro. Leit, déi sech wëllen um Invest an national Projeten am Beräich vun der Defense a vun der Sécherheet bedeelegen an dobäi e Rendement erausschloen, kënnen déi Defence Bonds ufroen. Et gëtt keng Souscriptioun-Fraisen. D’Defense Bonds profitéiere vum Triple-A-Rating vum Lëtzebuerger Staat a ginn op der Lëtzebuerger Bourse kotéiert.
Déi meescht EU-Memberstaaten hu sech virgeholl, hir Ausgabe fir d’Defense konsequent an d’Luucht ze setzen. Dat wéinst der Menace vu Russland a virun allem nodeems d’US-Regierung vum President Donald Trump kuerz no senger Wal virun engem gudde Joer d’amerikanesch Ënnerstëtzung fir d’Ukrain a ganz Europa a Fro gestallt huet.
Lëtzebuerg huet Wëlles, seng Ausgabe bis d’Joer 2035 op fënnef Prozent vum nationale Räichtum pro Joer an d’Luucht ze setzen. Virdru war den Objektiv 2%. Fir dëst Joer gesäit de Staatsbudget 1,3 Milliard Euro vir, also eng Hallef Milliard méi ewéi d’lescht Joer. An den nächste 5 Joer missten 1,8 Milliarden Euro méi ewéi 2024 an d’Defenseausgabe goen, huet de Finanzminister e Mëttwoch nach präziséiert. 150 Milliounen Emprunt iwwer d’Defence Bonds ginn natierlech bei wäitem net duer, mee de Gilles Roth sot, et hätt ee Mol “virsiichteg” ugefaangen an et kéinten an Zukunft weider Bonds kommen. D’Zil vun der Regierung wier et, e klengen Deel vun den 33,4 Milliarden Euro, déi an Dépôts à vue hei am Land leien, fir Investissementer ze mobiliséieren.
D’Suen, déi de Staat mat den Defence Bonds geléint kritt, ginn zwar ewéi all aner Emprunten an d’Keess vum Trésor, mee sinn awer “zilorientéiert” virgesinn fir d’Defense. D’Verdeedegungsministesch huet op d’Kategorien higewisen an déi méi soll investéiert ginn: déi gi vun Ekipement fir Gefierer, Munitioun fir de Belsch-Lëtzebuerger Batallioun oder fir d’Ukrain bis an den Himmel mat der Aviatioun a bis an de Weltall mat Satellitten. D’Yuriko Backes huet och d’Philosophie rappeléiert, datt et e Retour fir d’Lëtzebuerger Gesellschaft an Ekonomie soll ginn.
Nieft den Defence Bonds huet d’Regierung Wëlles, en Defense-Fong op d’Been ze stellen. Steierhaussen huet d’CSV-DP-Regierung ausgeschloss. Genee esou och Spuermesuren, déi an der Lëtzebuerger Politik als Hara-Kiri ugesi ginn.
Den Internetsite vun den Defence Bonds vun der Regierung fannt Dir hei.
Analys zu den Defence Bonds an den Econews vum 16. Januar 2026