No TripartiteJongbauere-President Charel Ferring begréisst Ënnerstëtzung fir Bauerebetriber

Claude Zeimetz
Och de President vun de Jongbauere Charel Ferring begréisst d'Ënnerstëtzung fir d'Bauerebetriber, déi en Donneschdeg op der Tripartite matdecidéiert goufen.
© Claude Zeimetz

D'Bauerewiese war op der Tripartite duerch de President vun der Landwirtschaftskammer vertrueden a leit den Ament, wéinst der Blockad vun der Strooss vun Hormus, ënnert enger Hausse vun den Dünger- an Energiepräisser. D'Landwirtschaft wier en "energieintensive" Secteur, seet och de Charel Ferring. Duerfir wier ee frou wann déi annoncéiert Mesuren d'Betriber entlaaschte kënnen. Wat spezifesch Hëllef bei den Düngemëttel betrëfft, wëssen d'Baueren nach net wou d'Rees higeet. Den EU-Agrarkommissär, de Lëtzebuerger Christophe Hansen huet fir Juli en europäeschen Düngeraktiounsplang an Aussiicht gestallt.

De Charel Ferring iwwer déi annoncéiert Ënnerstëtzung fir d'Bauerebetriber

No der Tripartite ass virum "Landwirtschaftsdësch"

Zu Maacher kommen e Freideg dann de ganzen Dag d'Vertrieder aus der Landwirtschaft fir e sougenannte "Landwirtschaftsdësch" zesummen. Et ass déi drëtten Editioun vun dësem institutionaliséierten Dialog tëscht de Baueren an dem Landwirtschaftsministère. Haaptthema ass déi zukünfteg Ausriichtung vun der gemeinsamer europäescher Agrarpolitik (PAC) fir d'Joren 2028-2034 an hir Inzidenzen op dat neit Lëtzebuerger Agrargesetz. Datt Bréissel alles an allem manner Suen an dat grousst Dëppe vun der PAC an den nächste Joer wëll ginn, géif de Baueren natierlech sauer opstoussen. D'Baueren hätte léiwer e separaten Agrarbudget gehalen. Et wier wichteg alles ze maachen, fir d'Ernärungssécherheet net an Europa op d'Spill ze setzen, seet de Charel Ferring. Dat bësschen, wat no den éischte Protester nogeschoss gi wier, géif och bei wäitem net duergoen. An nach bleiwen och ganz vill Inconnue wéi d'Budgeten an Zukunft berechent a verdeelt ginn. Souguer d'Cour des Comptes huet gewarnt, datt d'Betriber mat der Reform géife riskéieren, hir Subside méi spéit ze kréien. D'Jongbauere sinn awer wéinstens frou, datt si a sou engem fréie Stadium mat an d'Diskussiounen agebonne ginn. Natierlech kommen déi verschidden Acteure warscheinlech awer net derlaanscht, fir op der Musel e Freideg och nach emol op d'Auswierkunge vun der Decisioun vun der EKABE zréckzekommen, fir vun Abrëll u keng Lëtzebuerger Mëllech méi ze verschaffen.

EKABE-Decisioun: "Eng riicht an d'Gesiicht"

D'Zesummenaarbecht tëscht der Genossenschaft vun de Produzente vun der EKABE (Prolek) an der franséischer Multinationale Lactalis, zu där de Betrib vun Eescheler schonn zanter 1989 gehéiert, hätt iwwer Joerzéngte wonnerbar funktionéiert, sou de President vun de Jongbaueren. De Charel Ferring bedauert besonnesch, datt vun der stënterlecher Ëmorientéierung ganz vill jonk Bauere betraff sinn, déi fir déi nächst Jore frësch investéiert haten. Datt hir Mëllech elo vum anere Joer un net méi vun der Molkerei am Oste soll agedéckst ginn, wier "eng riicht an d'Gesiicht" fir si. De Charel Ferring ass selwer Mëllechbauer an hält mat senger Famill zu Tandel knapp 100 Kéi. Hire Betrib, deen un d'Arla liwwert, ass bei deene Glécklechen, déi net betraff sinn. D'Arla huet iwwregens méi streng Oploen, zum Beispill bei der Nohaltegkeet, wéi eng EKABE oder och eng Luxlait. Dat mécht e Wiessel vun de concernéierte Baueren nieft der grousser Quantitéit, déi déi 68 Betriber am Joer gestrach hunn, och net méi einfach.

Liest dozou och hei:

Back to Top
CIM LOGO