
An der Nuecht op e Freideg krut d'Police e Gefier gemellt, dat op der Héicht Colmer-Bierg op der A7 am Zickzack ënnerwee wier. Eng Patrull konnt dëst kuerz drop unhalen. De Chauffer gouf kontrolléiert. Den Alkoholtest war positiv an d'Polizisten hunn dem Mann säi Fürerschäin agezunn.
Méi spéit an der Nuecht ass enger Patrull vun der Police dann e Gefier opgefall, dat zu Féiz an der Rue Jean-Pierre Bicheler an der Mëtt vun der Fuerbunn stoung. De Chauffer souz iwwerdeem hannert dem Steier ze schlofen. Bei der Kontroll ass de Beamten e staarken Alkoholgeroch opgefall, wouropshin en Alkoholtest gemaach gouf. Dëse war positiv, wouropshin e provisorescht Fuerverbuet ausgeschwat gouf.