Och Deeler vun der serbescher Communautéit zu Lëtzebuerg schléisse sech un.
Op der Clairefontainesplaz koumen eng 80-100 Leit zesummen. 15 Minutte laang hu si un déi 15 Mënsche geduecht, déi den 1. November zejoert an der nordserbescher Stad Novi Sad ëm d'Liewe koumen, wéi en Daach vun enger Gare op si gefall war. Et wier net just Accident, mee Symptom vun engem korrupte System, dee seng Leit schonn ze laang am Stach gelooss huet, bekloen d'Manifestanten.