
Engersäits fir déi néideg Investissementer, fir sech un d'digital Evolutioun unzepassen an anersäits Etüden ze maachen, fir d'Ecoutten z’analyséieren, dat an engem Land wou d'Populatioun a permanenter Evolutioun wier. Fir 2020 waren 6,6 Milliounen Euro am Staatsbudget fir den 100,7 virgesinn.
Déi Responsabel vum 100,7 begréissen am Communiqué, datt de liberale Premier a Medieminister Xavier Bettel weider un engem onofhängegen ëffentleche Radio hält an de Radio selwer invitéiert huet um Debat iwwert d'Orientéierung vum Radio deelzehuelen. Enn 2018 hat d'Chefredaktioun vum 100,7 virun enger "Gefor fir d'Onofhängegkeet" vum Radio gewarnt, nodeems de Frënd vum Xavier Bettel, de Laurent Loschetter, vun der Regierung als neie President vum Verwaltungsrot vum Radio genannt gi war. An enger Loi spécifique kéint de Responsabele vum 100,7 no ënnert anerem d'Onparteiegkeet vum Radio verankert ginn.
D'Fuerderunge sinn ënnerschriwwe gi vum Verwaltungsrot, der Direktioun a vun de Chef de Servicen vum Radio 100,7.