Virausgefëllte Steiererklärung"De Prinzip ass gutt, d‘Ëmsetzung awer net"

Chris Meisch
Bei der virausgefëllter Steiererklärung si verschidden Donnéeën, dorënner Salairen, Pensiounen an Zënsen, automatesch ausgefëllt.
Steiererklärung (Symbolbild)

Iwwer 354.000 Steiererklärunge kommen d’Joer bei der Steierverwaltung eran. Eng Aufgab, déi all Joers nees bei ville Leit fir Kappzerbrieches suergt.

Vun dësem Joer u bitt de Steierbüro am Kader vun der Simplification administrative eng virausgefëllte Steiererklärung un, fir de Bierger den administrative Prozess ze vereinfachen an hinnen Zäit bei der Deklaratioun vun hiren Akommes ze spueren. E puer dausend vun dëse Steiererklärunge goufen un eligibel Leit erausgeschéckt. Ma dës Vereinfachung huet elo awer scho bei ville Leit fir Problemer gesuergt.

Problemer bei der virausgefëllter Steiererklärung / Chris Meisch

Bei der am Viraus ausgefëllter Steiererklärung si verschidden Donnéeën, dorënner Salairen, Pensiounen, Zënsen - also Donnéeën, déi der Steierverwaltung ufanks dës Joers scho virleien, automatesch ausgefëllt. De Bierger muss dat da just nach iwwerpréiwen, ob alles richteg ass, ënnerschreiwen, an dann zeréckschécken, sou de Jean-Paul Olinger, Direkter vun der Steierverwaltung:

“D‘Visioun ass eng Digitaliséierung vun der Steiererklärung. D‘Visioun ass och eng komplett Virausfëllung, do wou et méiglech ass. Mir hunn 23 Administratiounen a Ministèrë kontaktéiert, sou wéi vill Gemengen, fir mat hinnen ze kucken, wéi mir am Kader vum “Once only” déi Informatiounen um direkte Wee kréien. Donieft hu mir och d‘ABBL, d‘Bankenassociatioun an d‘ACA, d‘Assurancenassociatioun zu Lëtzebuerg kontaktéiert, fir ze kucken, a wéi wäit mir vun hinnen d‘Informatiounen, déi d‘Steierzueler betreffe, um direkte Wee kënne kréien, soubal de Bierger domat averstanen ass.”

Dat soll dozou bäidroen, datt d’Steiererklärunge méi séier preparéiert ginn, d’Informatiounen, déi dra stinn, méi korrekt sinn, an de Bierger et esou méi einfach huet, seng Steiererklärung auszefëllen.

De Prinzip ass net schlecht, seet de Christophe Knebeler aus der Direktioun vum LCGB, bei der Ëmsetzung wier d‘Saach awer méi komplizéiert. Beim LCGB melle sech elo ëmmer méi Leit, déi Feeler an hiren Donnéeë vun der virausgefëllter Steiererklärung fonnt hunn. Elo musse si nees iwwer de klassesche Wee mat hirer Steiererklärung vu vir ufänken:

“Do muss d‘Steieramt wierklech kucken, wéi si do wëlle weiderfueren, sou wéi si et elo gemaach hunn, ass et sécherlech net gutt ëmgesat. Et ass keen een Ziedel, wou net eng Zuel drop war, wou net awer ee Problem war, wou deelweis och ze erklären ass, mee dat hëlleft dem Steierzueler an deem Sënn net. Et ass keng Vereinfachung fir de Steierzueler, et ass och keng Vereinfachung fir d‘Steieramt, well déi schécken Iech elo ee virausgefëlltenen Ziedel, an da schéckt dir hinnen awer erëm eng normal Steiererklärung eran, wéi déi Jore virdrun och, dat heescht, dat do bréngt jo kengem eppes.”

D’Ursaache fir déi vill Feeler, sou de Christophe Knebeler vum LCGB, wiere ganz ënnerschiddlech:

“Eng Donnée, déi feelt, dat ass da warscheinlech eng Donnée, déi d‘Steieramt net erëmfonnt huet, villäicht well am Laf vum Dag eppes geännert huet par rapport zum Joer virdrun. An dann ass et oft alles dat wat Ofschreiwunge sinn. Zum Beispill Assurancëprimmen, wou jo awer all Joer d‘Montanten kënne wiesselen, wou si jo da just déi vun der Steiererklärung virdru kennen, wou et quasi op der Hand läit, dass du keng Zuel kanns aschreiwen, déi deem entsprécht, wat am neie Steierjoer bezuelt ginn ass. Deementspriechend ass déi Feelerquell net iwwerraschend.”

Souwuel den LCGB, wéi och d‘Steieramt roden de Leit bei enger virausgefëllter Steiererklärung, d’Donnéeën z‘iwwerpréiwen. Zousätzlech bitt den LCGB sougenannt Steier-Owender un, op deene si de Leit erklären, wéi eng Steiererklärung opgebaut ass a wat ee sech kann ofschreiwen. D‘Steierverwaltung bitt iwwerdeems och eng Hotline an den Internetsite “123easy.lu” un, wou d‘Leit sech iwwer déi virausgefëllte Steiererklärung kënnen informéieren.

Donieft si fir all aner Froen iwwer d‘Steiererklärung, d‘Steierbüroen an d‘Steieragenten ëmmer disponibel, fir de Bierger ze hëllefen.

Back to Top
CIM LOGO