Analys LockdownDe "Moment de verité", dee wéi deet

RTL Lëtzebuerg
Och wann d’Regierung sech rechtfäerdegt, stellt de François Aulner einfach fest, datt d’aktuell Covid-Mesuren net duergaange sinn.

Fir en neie partielle Lockdown ze vermeiden, misst d’Zuel vun neie Covid-Infektioune bis e Méindeg ënnert 500 falen an duerno weider falen. Dat hat d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert en Dënschdeg deklaréiert. Mat bal 900 neien Infektiounen e Mëttwoch gesäit et net gutt aus. De Seeldanzakt tëscht Restriktiounen a Fräiheet gëtt schwiereg. Och de Seeldanzakt an der Kommunikatioun vun der Regierung, mengt de François Aulner an dëser Analys.

Ee Lockdown oder deelweise Lockdown ass natierlech eng ganz schwiereg Decisioun. Jo, et muss een dem wirtschaftlechen a psychologeschen Impakt Rechnung droen an d’Regierung huet bis elo versicht, eng gëlle Mëtt ze fannen. D’aktuell Restriktiounen hei am Land ginn net esou wäit ewéi an onsen Nopeschlänner a se ginn net esou wäit ewéi déi, déi Ufanks nächster Woch zimmlech sécher decidéiert ginn.

Fir hir Approche vun de leschte Wochen ze verdeedegen, hunn de Premier an d’Gesondheetsministesch en Dënschdeg bei der Annonce vun eventuellen neie Restriktiounen och probéiert, equilibréiert an hirer Analys ze sinn: si hunn zouginn d’Spideeler géingen déi aktuell Zuel vun neien Infektiounen, déi och méi Hospitalisatioune mat sech bréngt, laangfristeg net packen. Gläichzäiteg hu se d’Situatioun deelweis schéigeriet. D’Situatioun wier stabel, Lëtzebuerg stéing relativ gutt do am Verglach mam Ausland, mee effektiv… et wier net „ideal“, sou d’Wierder vum Premier.

D’Argumenter vun de Ministeren en Dënschdeg waren deels verwurrelt oder carrement falsch, sou och de Constat vum Onlinenoriichtesite Reporter en Donneschdeg an engem Faktencheck. D’Ausso vum Xavier Bettel, d’Situatioun wier stabel op engem héije Plateau zum Beispill, huet d‘Paulette Lenert kuerz drop relativiséiert: si sot nämlech, et hätt een esouvill Neiinfektiounen, datt de Risiko héich wier, datt d’Situatioun aus dem Rudder leeft.

Och net ganz richteg wier et, ze behaapten, Lëtzebuerg wier ënnert de Wäerter vun den Nopeschlänner, wat de Positivitéitstaux ugeet. Dat stëmmt wuel fir Frankräich an d’Belsch, mee an Däitschland ass den Taux méi niddreg ewéi hei.

Carrement falsch wier dann d’Ausso vum Premier, datt déi aktuell Besetzung vun de Better (intensiv a soins normaux) héich wier, mee datt dat nach kee gréisseren Afloss op déi normal Versuergung hätt. An engem anere Saz huet de Xavier Bettel awer gesot, d’Spideeler sinn an der Phas 4. Den Dokter Philippe Turk vun der Covid Task Force huet e Mëttwoch hei op RTL erkläert, datt d’Phas 4 wuel eng massiv Aschränkung vun den aneren Aktivitéite géing bedeiten.

Onkloer ass aktuell och nach ëmmer, wéi d’Zuele sech musse weiderentwéckelen, fir ee Lockdown ze vermeiden? „Manner wéi 500 Neiinfektioune bis e Méindeg", hat d’Paulette Lenert gesot. Gëtt do eng Moyenne vun de leschten Deeg geholl? Wat geschitt bei 501 Infektiounen? Firwat gëtt elo op emol awer  just ee Krittär gekuckt?

Bref. D’Regierung huet probéiert ze rechtfäerdegen, firwat se bis en Dënschdeg gewaart huet a firwat een elo déi nächst Deeg nach misst ofwaarden. Ewéi vum Premier ugekënnegt, war de "Moment de verité" awer virun 2 Wochen. D’Neiinfektiounen, déi um Donneschdeg detektéiert ginn, stame vun den Aktivitéite vun de Leit virun 1 oder 2 Wochen. D’Mesurë sinn net duergaangen. La verité blesse, d’Wouerecht deet wéi.

Back to Top
CIM LOGO