De Gilles Feith am RTL-InterviewDe Luxair-Generaldirekter iwwer d'Strategie bis 2024

Pierre Jans
Maxime Gillen
Mariette Zenners
Der Luxair geet et den Ament net gutt. Dëst Joer wäert d'Lëtzebuerger Fluchgesellschaft wuel iwwer 100 Milliounen Euro verléieren.
Gilles Feith am RTL-Interview
De Generaldirekter vun der Luxair war e Méindeg den Owend eisen Invité am Journal op der Tëlee.

Honnerte Plaze mussen ofgebaut ginn. Ma kee vun deene ronn 600 betraffene Mataarbechter gëtt op d'Strooss gesat

Dat gouf och nach eng Kéier bei der véierter a virleefeg leschter Aviatiounstripartite en Neits vun alle Säite betount. Eng gutt Geleeënheet also fir den Generaldirekter vun der Luxair de Gilles Feith op de Plateau an den Journal op der Télé z'invitéieren.
D'Corona-Pandemie huet d'Aviatioun enorm getraff. Weltwäit mussen Fluchgesellschaften ëmdenken, wann se net schonn zougemaach hunn. Och um Findel ass aktuell wéineg Betrib ma d'Luxair wëll net opginn, huet e kämpferesche Generaldirekter betount. De Gilles Feith.

''D'Luxair huet vun Ufank u gekuckt, fir de Kapp net an de Sand ze stiechen. Mir gi Lëtzebuerg déi Connectivitéit, déi et brauch. Mir gesinn och, dass ganz vill Leit trotz de Quarantänen nach bereet sinn ze fléien. Mir wëllen de Leit déi Méiglechkeet erhalen. Och wann et sech elo wirtschaftlech net onbedéngt lount. Ech sinn awer zouversiichtlech, dass dat ännert. D'Leit buchen immens spéit. Da wäert dat méi spéit plus minus opgoen. "

Virum neie Konzept huet natierlech missen iwwer de Plazenofbau geschwat ginn. Ronn d'Hallschent vun deene 600 betraffene Leit soll bannent den nächsten 3 Joer an d'Prepensioun goen. Déi aner Hallschent géif soit intern, soit extern aner Aufgabe kréien. Wëssen déi eenzel Persoune scho wat hinne blitt?

''Dat wëssen d'Leit nach net. Mir mussen dat ganz individuell kucken. Mir hunn deen Exercice net vun uewen erof gemaach. Mir hunn net gesot, dass mir sou an esou vill Leit manner brauchen. Mir hunn gekuckt, wou mir Effiziente kënne fannen. Dunn hu mir mat de Prepensiounen ugefaangen. D'Leit goufe gefrot, ob se averstane sinn. Du hu mer gekuckt, wéi eng Leit déi Lächer do kënnen opfëllen. Iwwer d'Hallschent vun de Prepensiounen mussen ersat ginn.''

Concernéiert Personal, dat elo zum Beispill an der Tracing-Cellule am Kader vun der Covid-Pandemie hëlleft, géif duerno – wann d'Konjunktur nees besser ass – bei der Luxair agesat ginn. Gëtt et eng Garantie dofir? De Gilles Feith seet jo.

Déi finanziell Situatioun vun der Airline ass méi schlëmm ginn, bedauert den Generaldirekter. De Staat – Haaptaktionär - hëlleft mat 50 Milliounen Euro. Ma dëst Joer wäert d'Luxair 100 Milliounen Euro verléieren. Mä et soll weider geflu ginn. E Businessplang bis 2024 ass ganz ambitionéiert. Bis dohi sollen nees 82 Destinatiounen ugeflu ginn. Och vill neier, manner bekannt Destinatiounen: Thessaloniki oder La Rochelle zum Beispill. Dem Gilles Feith no gëtt et do eng Strategie:

''Mir mussen eng diversifiéiert Offer hunn. Mir musse kucken, wou d'Konkurrenz net ze staark ass. Dat ass ganz oft an der Nisch. Mir gesinn, dass d'Leit dat wëllen.''

D'Konte vun der Luxair sinn also alles anescht ewéi voll. Nawell muss d'Airline investéieren. Vill investéieren, well do hätt sech sou munches gestaut, Gilles Feith.

''Dat ass an Infrastrukture wou mir musse méi modern ginn. Natierlech awer och a Fligeren. 2024 an 2025 musse mir neie kafen. Eis 737-700er hu bis dohin e gewëssenen Alter areecht. Dat musse mir aus eegene Moyene kënne stemmen, andeems mir se iwwer eng Bank finanzéieren. Dat ass alles an deem Businessplang mat dran.''

Alles an der Hoffnung, dass en Aviatiounssecteur sech nees erkritt.

Finalen Accord vun der Aviatioun-Tripartite ënnerschriwwen

Finalen Accord vun der Aviatioun-Tripartite ënnerschriwwen
Um Enn vun der 4. Reunioun vun der Aviatioun-Tripartite gouf de finalen Accord dann och ënnerschriwwen.

Um 11 Auer e Méindeg de Moie souzen d'Sozialpartner vun der Aviatioun beieneen, fir den Accord, op dee si sech am Oktober gëeenegt haten, ze finaliséieren.

Wéinst der Corona-Pandemie goufe queesch uechter d'Welt-Fluchgesellschafte restrukturéiert oder komplett zougemaach. Lëtzebuerg ass do keng Ausnam, wéi ee spéitstens bei der Annonce vun der Luxair gesinn huet, dass hei ronn 600 Aarbechtsplaze missten ofgebaut ginn. An enger Tripartite tëscht der Direktioun vum Betrib, de Gewerkschaften an dem Staat als Haaptaktionär gouf awer uganks Oktober en Accord fonnt, deen et erméiglecht, dass kee vun deene 600 betraffene Mataarbechter op d'Strooss gesat gëtt. E Méindeg de Mëtteg gouf dësen Accord du finaliséiert.

Tripartite an der Aviatioun / De Reportage vum Maxime Gillen

Et ass e konsequent Engagement, deen de Staat, als Haaptaktionär vun der Luxair, hei ageet. Dass kee vun deene ronn 600 betraffene Leit vun haut op muer an de Chômage fält, léisst d'Regierung sech nämlech eppes kaschten. Geschat gi ronn 50 Milliounen Euro iwwert déi nächst 3 Joer. Ma dat net ouni Grond, wéi de Finanzminister, Pierre Gramegna, betount.

„D'Luxair ass eisen nationale Carrier, ass also vun enger nationaler Wichtegkeet, mä ass natierlech och e wichtegen Acteur fir Lëtzebuerg international dobaussen duerzestellen. Wa mir keng Luxair hätten, froen ech mech, wéi mir kéinten e kredibelen internationale Partner sinn. An dofir déi exzeptionell Efforten, déi hei gemaach ginn.“

An obschonn um Enn vun dëser Ëmstrukturéierung insgesamt manner Leit wäerte fir d'Luxair schaffen, begréissen och d'Gewerkschaften dësen Accord.

D'Michelle Cloos vum OGBL:

„Et ass natierlech keng gutt Nouvelle, wa mer haut wëssen, dass mir mëttel- a laangfristeg net all Plaz op der Luxair wäerten tel quel erhale kënnen. Et ass awer wichteg a positiv, dass mir all Mënsch wäerte sozial begleeden, dass et keng Entloossunge ginn, dass kee wäert an de Chômage kommen. An dat an Zäiten, wou mir am Fong op ganz ville Plaze mëttlerweil brutal Sozialpläng erliewen.“

Eng vun den Haaptmesuren, déi an den nächsten 3 Joer wäert zum Asaz kommen, ass d'Fréipensioun, wéi den Aarbechtsminister Dan Kersch präziséiert.

„D'Mëttel vu Preretraitë wäert agesat ginn. Esouguer relativ massiv. Eng ronn 265 Leit kënnen an deenen nächsten 3 Joer an d'Preretraite oder déi normal Retraite eriwwer wiesselen. Da wäert de Chômage partiel e wichtege Rôle spillen, wou natierlech och d'Aide au réemploi eng Diskussioun gëtt, wa mir iwwer Prêt temporaire de l'emploi schwätzen oder och wa mir iwwert eng nei Mesure schwätzen, wou Leit eventuell an aner Betriber fir ëmmer eng nei Aarbechtsplaz fannen.“

Extrait Dan Kersch

Et gouf dann och festgehalen, dass een zwee Mol d'Joer an deem selwechte Kader wëll zesummekommen. Dat wier schonn eleng néideg, well d'Situatioun ëm de Coronavirus imprevisibel wier an een entspriechend misst kucken, ob net verschidde Saache missten ajustéiert ginn, esou de François Bausch. Ausserdeem misst reegelméisseg gekuckt ginn, ob ee bei deene verschiddenen Accorden, déi gemaach goufen, nach ëmmer um richtege Wee wier. Nieft dem Accord mat der Regierung ginn et nämlech zwee weider Accorden um Niveau vum Betrib selwer. Eng Kéier de Businessplang fir déi nächst Joren an eng Kéier en Accord zum Kollektivvertrag, dee jo soll weidergefouert ginn, mat der Ausnam, dass et bis op Weideres keng Gehaltserhéijunge méi wäert ginn.

D'Luxair hätt dann och decidéiert, deen aktuelle Reseau un Destinatioune bäizebehalen, fir déi Connectivitéit, déi Lëtzebuerg bräicht weider unzebidden, esou de Generaldirekter Gilles Feith. Deemno war et och säin Appell un d'Clienten net nëmmen de Präis ze berécksiichtegen, ma och de sozialen Aspekt, de Service, deen ugebuede gëtt an eben, dass dëse Service déi ganz Zäit iwwer weider assuréiert gouf.

De Direkter vun der Luxair, de Gilles Feith, ass de 14. November um Radio an der Emissioun "Background am Gespréich".

PDF: Schreiwes vum Luxair-Direkter

Back to Top
CIM LOGO