Europe's Most Wanted FugitivesDe Kosovo-Albaner Nesat Bego gëtt gesicht, Dot zu Lëtzebuerg geschitt

RTL Lëtzebuerg
Dem Mann gëtt en Attentat à la pudeur mat Gewalt a Menacë géint e Kand vun ënner 11 Joer virgehäit, eng Dot, déi den 3. Februar 2016 geschitt ass.

Geschitt war dës Dot viru ronn 3 1/2 Joer am Süde vu Lëtzebuerg. Wärend dem Geriichtsprozess, deen am Dezember 2018 war, ass de Nesat Bego net present. Hie gouf zu 5 Joer Prisong hei verurteelt. En europäesche Mandat d'arrêt gouf de 5. Dezember 2019 géint de Mann gestallt.

De Nesat Bego schwätzt Franséisch an Albanesch. Et geet ee staark dovunner aus, dass de Mann Lëtzebuerg an Tëschenzäit verlooss huet.

© Police

Leit déi Informatiounen hunn, sollen dës op fast.lux@police.etat.lu um +352 244 60 5599 oder iwwert d'Homepage vu Europe's Most Wanted Fugitives weidergeleet ginn.

Back to Top
CIM LOGO