Digital Bicher op LëtzebuergeschDe Kanner hëllefen, de Coronavirus besser ze verstoen

RTL Lëtzebuerg
"De Coronavirus" oder "Firwat bleift jiddereen doheem?" sinn e puer Beispiller vun digitale Bicher op Lëtzebuergesch fir Kanner.
De Kanner hëllefen, de Coronavirus besser ze verstoen
"De Coronavirus" oder "Firwat bleift jiddereen doheem?" sinn e puer Beispiller vun digitale Bicher op Lëtzebuergesch fir Kanner.

Dat, dass si déi aussergewéinlech Situatioun vum Coronavirus besser verstinn an domadder ëmgoe kënnen. Dem Psycholog Gilbert Pregno no géifen dës Bicher de Kanner eng Form vu Sécherheet an dëse schwieregen Zäite bréngen. Mat dësen digitale Bicher wëll een d'Kanner nach besser iwwert de Coronavirus informéieren. Ënnert anerem soll d'Buch erklären a Froe beäntwerten, déi d'Kanner sech stellen. Zum Beispill, wat geschitt, wann een de Coronavirus kritt. Mat deene Bicher géif ee bei de Kanner eng Form vu Sécherheet schafen.

Aktuell entsti vill lëtzebuergesch Kannerbicher ronderëm d'Thema Coronavirus. An dësem Buch wëll een hinne beispillsweis de Sécherheetsofstand méi no bréngen. Doduerch kéinte se sech besser protegéieren. D'Bicher huelen de Kanner virun allem Suergen ewech.

Well et an dësen Zäiten net ëmmer einfach ass, kloer Gedanken ze hunn, wëll ee mat den digitale Bicher de Kanner och Hoffnung maachen, datt et Ausweeër aus der Corona-Kris gëtt. Fir de Psycholog Gilbert Pregno wier et gutt, datt Schoulen elo am Mee nees opginn.

De Coronavirus huet weiderhin een Impakt op den Alldag vun de Kanner. De Gilbert Pregno huet dann och vill Vertrauen an d'Enseignanten, déi zesumme mat de Kanner Léisunge fannen.

Back to Top
CIM LOGO