
Zouen däitsch Grenze suerge schonn zënter Woche fir eng gewëss Opreegung. An de leschten Deeg héiert een awer virun allem vu Problemer op der belscher Grenz. Et ass rieds vu ville Kontrollen, décke Protokollen an enger ganz verwurrelter Situatioun op der Schmëtt. Den Ausseministère huet elo de Kontakt mat de belschen Autoritéite gesicht.
"Mir hu mat der Belsch eigentlech keng Reklamatioune gehat bis elo virun e puer Deeg. Lo hu mer awer Bierger a Gemengen, déi sech beschwéieren an dat fält bei eis am Ministère net op daf Oueren", seet den Ausseminister Jean Asselborn.
An de leschten Deeg gouf vu belscher Säit aus verstäerkt op de Lëtzebuerger Grenze kontrolléiert. Bei eisen Noperen huet den Deconfinement nach net ugefaangen. Kontrolléiert gëtt net just fir eran, mä och fir eraus. D'Belsch brauchen e gudde Grond fir de Royaume ze verloossen, akafe goe gehéiert net dozou.
Datt d'Reegelen anerer sinn ewéi am Grand-Duché, dat muss een acceptéieren, sou de Jean Asselborn. Wann een als Lëtzebuerger Resident op belschem Territoire spadséiert, ouni Grond an ouni Erlabnis, da muss een domat rechnen, fir protokolléiert ze ginn, dat wier eben elo sou.

Wat awer net géing goen, dat wier eng Situatioun, wéi et se wuel rezent op der Schmëtt gouf.
"An enger Shopping-Zon, wou een net ka wëssen, wat Belsch a wat Lëtzebuerg ass, datt Leit do protokolléiert ginn, dat dréit net zu enger gudder Ambiance bäi an däerfe mer och net sou hinhuelen."

Et huet een déi belsch Autoritéiten dowéinst och kontaktéiert:
"Mir hunn d'belsch Ambassade an d'Bild gesat, datt d'Leit sech hei zu Recht opreegen. Ech mengen, datt déi belsch Autoritéiten agesinn, datt de gesonde Mënscheverstand soll gëllen an datt een d'Leit net sollt provozéieren, zemools an enger Zäit, déi schonn nervös ass."
Sollt et där Virfäll nach ginn, wäert hien eventuell d'Gespréich mam belschen Ausseminister Philippe Goffin sichen, sou de Jean Asselborn. Och zu Berlin hätt een intervenéiert, mam Resultat, datt puer méi kleng Grenzposten zu Däitschland nees opgemaach goufen. Natierlech bléif d'Fuerderung déi, datt se nees all sollen opgoen.
"Déi däitsch Polizei zu Schengen op der Bréck, dat huet net grad e gutt Bild ofginn, ech hunn dat och zu Berlin gesot."
An der däitscher Regierung géing och net jiddereen d'Saachen d'selwecht gesinn:
"Do gëtt et den Ausseministère, dee ganz vill Verständnis huet an da gëtt et den Inneministère, deen eben aner Reflexer huet a mengt, datt ee mat der Schléissung vun de Grenzen de Virus kéint stoppen, wat falsch ass."
Op alle Fall hätt een en Dënschdeg an enger Reunioun vun den europäeschen Innen- an Immigratiounsministèrë festgehalen, datt national Grenzreflexer, wéi et se Mëtt Mäerz gouf, net méi däerfe virkommen an Zukunft.
