
Op RTL-Nofro heescht et elo vum Gesondheetsministère, dass dës Kontrakter op Demande vum LTPS gekënnegt gi wären. D'Studente missten hir Praktika am Kader vun hirer Ausbildung fäerdeg maachen, fir hiert Joer kënnen ofzeschléissen. Dat géing awer natierlech net goen, wa se nach an hirem CDD, dee mat der Fonction Publique an dem Gesondheetsministère ofgeschloss gouf, dra wären.
„Mir ginn nëmmen nach veraarscht“, dat ass den Titel vun engem Artikel e Freideg an der Wochenzeitung Woxx. Zanter dem Ufank vun der Kris ginn ënner anerem Infirmièren an der Spezialisatioun an Schüler vum Lycée Technique pour professions de santé (LTPS ) am Kader vun der Regierung hirer „réserve sanitaire“ agesat, fir am Kampf géint de Covid-19 an de Spideeler ze hëllefen.
Am Géigenzuch kréien dës Leit een zäitlech begrenzten Aarbechtsvertrag a gi vum Staat bezuelt. De CDD sollt eigentlech nach bis den 28. Mee lafen, mä elo wär dëse per Email op den 11. Mee gekënnegt ginn. Duerno sollen d'Schüler an déi ausgebilten Infirmièren dann trotzdeem viruschaffen, dat am Kader vun engem Praktikum, also ouni bezuelt ze ginn.
Dat wär een Hohn, reegt sech eng geléiert Infirmière am Artikel op, déi virun der Krise an enger Ausbildung fir Anästhesie an Intensiv-Medezin war. 8 Stonne laang géing si an engem Protectiounskostüm schaffen an dem ee staark schweesst, ouni kënnen z'iessen oder op d'Toilette ze goen. An dat misste se dann elo fir näischt maachen, an enger Zäit wuel gemierkt, wou et souwisou schonn u Personal an de Spideeler feelt.
De Gesondheetsministère huet bis ewell och nach keng Stellung zu dëser Sujet geholl, sou steet et iwwerdeems nach an der Woxx.