
De Finanzministère huet e Méindeg e weidere Prêt gemaach, dat an Héicht vun 2,5 Milliarden Euro. De Prêt leeft op 10 Joer bei engem Coupon vun 3,125%.
Um 9.30 Auer war d’Souscriptioun opgaangen an no eppes méi wéi zwou Stonnen war scho Schluss. D’Demande vum Marché war méi grouss wéi d’Offer.
Dee groussen Interessi vun den Investisseuren dierft weider um Triple-A Status vum Grand-Duché leien. De Prêt ass op der Lëtzebuerger Bourse cotéiert an d’Staatsschold klëmmt domadder elo op 26,6 Milliarden Euro, respektiv 28,4% vum PIB.