Kollektivcongé bis 23. AugustDe Congé bleift bei Patronen an Aarbechter beléift

Ryck Thill
Fanny Kinsch
Zanter e Freideg ass de Lëtzebuerger Bausecteur am Kollektivcongé … mat e puer Ausname gëtt bis den 23. August inclus net op de Chantieren uechter d’Land geschafft.
© Eric Ebstein
Kollektivcongé bis 23. August
De Congé bleift bei Patronen an Aarbechter beléift

Am Summer kéint theoretesch geschafft ginn, dofir wier et wichteg, iwwert de Kollektivcongé d’Sécherheet ze hunn, dass d’Leit kéinten an de Congé goen an de Congé net missten am Wanter huelen. Dat seet de Jean-Luc De Matteis, Zentralsekretär fir de Bausecteur beim OGBL. Ma och fir de Vizepresident vun der Chambre des métiers a Patron vun enger Baufirma Paul Nathan ginn et vill Facteuren, déi fir de Kollektivcongé schwätzen.

“Wann een déi lescht Hëtztwellen erlieft huet, dann huet de Congé collectif oder elo grad d'Hëtzt, déi der spiert, nach absolut Rechtfäerdegung, engersäits fir eis Leit, déi hunn elo 31 Wochen awer an de Schanken, et ass gutt, dass se dräi Wochen um Stéck hunn, déi meescht begréissen dat och.”

Den Entreprise géing et erlaben, Maintenanceaarbechten un de Maschinnen ze maachen, an och d’Clientë géinge profitéieren, well doduerch dass jidderee gläichzäiteg am Congé wier, d’Produktivitéit géing eropgoen. Fir 147 Chantieren a ronn 750 Salariée ginn et dëse Summer Derogatioune vum Kollektivcongé.

“Mir hu 40 Leit wärend dem Congé schaffe vun 220 Mataarbechter, dat heescht, dat si plus minus 18 % vun eisem Effektiv an déi si virun allem fir staatlech Projeten elo ënnerwee, do wou et urgent ass, weiderzeschaffen a mir schaffen awer och ganz vill fir Industrieclienten, déi elo profitéieren ebe vum Congé collectif bei hinnen, fir Entretiensaarbechten ze maachen.”

Esou den Entrepreneur Paul Nathan. An enger Kommissioun, an där Patronat a Gewerkschafte vertruede sinn, ginn d’Derogatiounen accordéiert. Déi, déi accordéiert goufen, wiere räsonabel, esou de Jean-Luc De Matteis vum OGBL.

“Et ass ganz kloer definéiert, wat fir eng mer akzeptéieren. Dat sinn oft da Schoulen, Plazen, wou Arrêt de production sinn, Stroossen, déi opgerappt gi wéinst Urgencen. En Deel vun deene Demandë sinn och esou Demanden, dass am Fall wou eppes geschitt, dass een do d'Strooss kéint opmaachen.”

D’Aarbechter schaffen och mat Derogatioun just op fräiwëlleger Basis wärend dem Kollektivcongé.

D’Gewerkschaft géing ganz wéineg Reklamatioune kréie vu Leit, bei deenen de Congé collectif net respektéiert gouf, esou de Jean-Luc De Matteis vum OGBL.

Back to Top
CIM LOGO