Fir Persounen a QuarantänDe CHEM huet Online-Noutfall-Consultatiounen en place gesat

RTL Lëtzebuerg
Dës Consultatioun ka vu Leit, déi a Quarantän sinn, iwwer Telefon, Tablet oder Computer gemaach ginn.
Télé-Consultatiounen am CHEM
Dës Consultatiounen kennen vu Leit déi a Quarantän sinn oder sech net an Spidol déplacéieren kennen, iwwer Telefon, Tablet oder Computer gemaach ginn.

Zanter en Donneschdeg mécht den CHEM Online-Noutfall-Consultatiounen. Dës Consultatioune kënne vu Leit, déi ënnert anerem a Quarantän sinn oder sech net an Spidol deplacéiere kënnen, iwwer Telefon, Tablett oder Computer gemaach ginn. Dësen neien Outil soll dann och an Zukunft hei am Land ausgebaut ginn. Fir vum Service ze profitéieren, muss ee sech awer u verschidde Schrëtt halen. Fir den Outil ze notzen, soll een op de Site vum CHEM goen an dann op de Knäppchen "Téléconsultation" klicken. Da soll ee verschidden Dokumenter zesummesichen wéi d'Kaart vun der Sécurité Sociale an d'Carte d'Identité oder de Pass, an et soll ee wann et geet d'Temperatur moossen. Dëst wier fir d'Personal wichteg, fir datt dës een Dossier vum Patient kënnen opmaachen. Dono soll een op de Knäppchen drécken, fir mam Dokter a Verbindung gesat ze ginn. Iwwer Videokonferenz kann een eben dann mam Dokter kommunizéieren. Hei kënnen d'Leit Froe stellen a ginn informéiert.Fir de Service bezilt ee 47 Euro an et kritt een dat ganzt vun der CNS rembourséiert. Wei et heescht, hätt een de System schonn um Virdag getest an d'Patiente wieren zefridde gewiescht. Beim Konzept huet ee sech am Ausland inspiréiert. An enger éischter Phas ass den Outil owes vu 4 bis 6 Auer accessibel.Jee no der Demande soll den neien Outil am CHEM weider ausgebaut ginn. Och an anere Spideeler hei am Land wëll een de System aféieren. Fir eben d'Leit an d'Personal nach besser ze protegéieren, gëtt an der Entrée vum CHEM een éischte Triage gemaach. Den Ament wier ee gutt op Situatioun preparéiert, huet et weider geheescht.

© chem.lu

Mise en service de la téléconsultation médicale d'urgence au CHEM (18 mars 2020)

Le confinement actuel de la population et tout particulièrement des personnes en quarantaine pour cause de Covid-19, risque d’être problématique en cas de nécessité urgente de consulter un médecin. Cette situation concerne également les personnes ne pouvant se déplacer pour quelque raison que ce soit.
Il est important de pouvoir offrir des alternatives à toutes ces personnes. Pour répondre à cette demande, la direction du CHEM à mis en place dès ce jour, mercredi 18 mars un service de téléconsultation médicale d’urgence.
Ce service est accessible à tous à partir d’un téléphone, d’une tablette ou d’un ordinateur. Le système est entièrement sécurisé, par cryptage des données.
Dans un premier temps, le service sera accessible de 16h à 18h. En fonction de la demande effective de ce service les horaires seront élargis.

Pour profiter de ce service, la procédure à suivre est la suivante : 

Le patient se rend sur le site du CHEM : www.chem.lu

Sur la page d’accueil, il faut cliquer sur le bouton « téléconsultation médicale d’urgence» 

Sur la page d’accueil de ce service le patient aura quelques explications sur ce qu’il lui faut faire avant de se connecter:

  • Préparer sa carte de sécurité sociale
  • Préparer une pièce d’identité : carte d’identité ou passeport
  • Si les patients le peuvent, il leur est demandé de prendre leur température avant la consultation.

Ensuite il suffit de cliquer sur le bouton pour être mis en relation avec le médecin.                                                                        

  • Si le médecin est déjà en ligne, le patient sera automatiquement mis en attente dans une « salle d’attente virtuelle ».

Une fois la connexion établie avec le médecin, la consultation s’effectue en mode vidéo. 

  • Le médecin consignera les données médicales de la consultation dans le dossier médical du patient.

 
La consultation sera ensuite facturée par le médecin au tarif de 47,30€
Le remboursement s’effectuera ensuite de façon habituelle en renvoyant la facture acquittée à sa caisse de maladie.

Back to Top
CIM LOGO