
E Mëttwoch de Moien ass de Camille Studer am Alter vu 85 Joer verscheet. De fréiere Chef vun der Provençale huet an de 50er Joren zu Zürech eng Léier als Confiseur gemaach an ass de Papp vun de Luxemburgerli, enger méi raffinéierter Versioun vun de franséische Macaronen.
De Camille Studer stoung 20 Joer laang un der Spëtzt vun der Jeeërfederatioun FSHCL. Hien ass an der Nuecht op e Mëttwoch am Alter vu 85 Joer gestuerwen.