20 Joer Télévie LëtzebuergDe 24. Abrëll 2021 ass de groussen Télévie-Dag

RTL Lëtzebuerg
2021 feiert den Télévie säin 20. Jubiläum. 2 Joerzéngte wou sech fir d’Lutte géint de Kriibs zu Lëtzebuerg agesat gëtt.

De Rendez-vous fir d’Jubiläum-Editioun steet fest: de 24. Abrëll 2021 ass de groussen Télévie-Dag.

Dëse groussen Ofschloss-Owend ass nees den Ulass fir e Bilan vun de Spenden ze maachen an de Benevollen, Entreprisen an der Populatioun Merci ze soe fir hiren Asaz. Well just zesumme si mer staark genuch, fir der Hoffnung eng Chance ze ginn an d’Kriibsfuerschung mat generéisen Donen ze ënnerstëtzen.

Gitt och Dir der Hoffnung eng Chance an ënnerstëtzt den Télévie.

Back to Top
CIM LOGO