Fräie Poste am StaatsrotD'DP proposéiert der Regierung de Marc Meyers

RTL Lëtzebuerg
De Comité directeur vun der DP huete Mëttwoch eestëmmeg decidéiert, der Regierung den Här Marc Meyers fir de fräie Posten am Staatsrot ze proposéieren.
© RTL Archivbild

De geléierten Dirigent ass zanter 2011 Direkter vum Stater Conservatoire, huet dernieft e Master an der Orchesterdirektioun ofgeschloss an "Nonprofit a kulturellt Management" studéiert. De Marc Meyers entsprécht soumat dem ausgeschriwwene Profil vum Staatsrot.

D’Mandat vun der Agny Durdu kënnt am Abrëll op en Enn. Si war zanter 2006 Member an zanter 2 Joer Presidentin vum Staatsrot.

PDF: Schreiwes vun der DP

Back to Top
CIM LOGO