Initiativ "Devoir de vigilance""D'Direktiv fir d'Liwwerkettegesetz ass op EU-Niveau ofgeschwächt ginn"

Diana Hoffmann
Wat d’EU-Direktiv vum Liwwerkettegesetz ugeet, misst Lëtzebuerg méi wäit goen an Europa en Exempel sinn, sou de Jean-Louis Zeien vun der Initiativ.
Eng Fabrik an Holland
Eng Fabrik an Holland
© ROBIN UTRECHT //ANP via AFP

De Ball léich bei der Lëtzebuerger Regierung, seet de Jean-Louis Zeien vun der Initiativ Devoir de vigilance. Wat d’EU-Direktive vum Liwwerkettegesetz ugeet, misst Lëtzebuerg méi wäit goen, an Europa misst en Exempel sinn. Konkret geet et an der Direktiv ëm d’Suergfaltsflicht, déi grouss multinational Entreprisë sollen an Zukunft am Bezuch op Mënscherechter, Klima an Ëmwelt erfëlle mussen.

D’Initiativ, déi 16 ONGe vertrëtt, kritiséiert, dass d’Direktiv vum Liwwerkettegesetz op EU-Niveau ofgeschwächt gi wier. Just nach 970 Entreprise géingen europawäit elo ënnert dës Legislatioun falen. Hei zu Lëtzebuerg wieren et der ronnt 30. “Zu Lëtzebuerg wäerte méi Entreprisë wéi zum Beispill a Portugal ënnert dës Gesetzgeebung falen. Eebe well mir esou vill Holdingen hei hunn”, ënnersträicht de Jean-Louis Zeien.

Lëtzebuerg sollt konform si mat sengem nationalen Aktiounsplang am Beräich vu Mënscherechter a Business. Besonnesch wann et ëm Risikosecteure wéi Cybertechnologie, d’Pornoindustrie oder den industrielle Militärberäich géing goen, deen d’Regierung jo wéilt ausbauen. Doriwwer eraus misst awer och de Finanzsecteur responsabiliséiert ginn, mengt de Jean-Louis Zeien an nennt hei Banken an Investmentfongen. Schliisslech hätt een d’lescht Joer historesch Benefisser gemaach. D’Vereenten Natiounen hätte Lëtzebuerg och nogeluecht, am Domaine vun den nohaltege Finanzen zu engem Weltleader ze ginn.

De Pascal Hursting vun der Initiativ kritiséiert dann, dass de Punkt vun de Klimatransitiounspläng aus der Direktiv erausgeholl gi wier. Konkret bedeit dat, dass d’Entreprisen hätte missen hier Pläng presentéieren, déi dozou géinge feieren, dass se am Aklang mat den UN-Klimaziler wieren. Ënner anerem dës Obligatioun wëllt een hei am Land am Gesetz gesinn.

Eng weider Fuerderung ass, dass an der Direktiv Multinationale vun 1.000 Employéeën an engem Chiffre d’affaires an der EU vu 450 Milliounen u responsabiliséiert solle ginn. Net wéi aktuell virgesi vu 5.000 Employéeën an engem Chiffre d’affaires vun 1,5 Milliarden un.

Mat enger méi strenger Reegelung wiere 70 bis 80 Entreprisen hei am Land concernéiert, an net wéi bei der aktueller Direktiv 30. Kontrolléiert gi sollen di concernéiert Entreprisen da vun enger onofhängeger Kontrollinstanz, déi net soll un e Ministère gebonne sinn.

Back to Top
CIM LOGO